Publique n°2838
Pétitionnaire: Zoe Evans
Fir méi juristesch Konsequenzen bei all Zort vun Diskriminatioun, Gewalt, Mobbing, Stalking an Hate Speech.
But de la pétition
D' Ziel vun der Petitioun ass, dass Mënschen déi zu Haass opruffen, Gewalt uwenden, ëffentlech diskriminéieren, Abus a Ruff Mord bedreiwen, mobben, ënnerdrécken an/oder eng Gefor fir eng eenzel Persoun oder e Groupe sinn, rechtlech verfollegt an tatsächlech bestrooft ginn.
Motivation de la pétition
Staatsgesetzer sinn do fir en friddlech Zesummeliewe an enger grousser Gemeinschaft ze regléieren an ze erliichteren. Ma leider stellen mir ëmmer mei fest, dass Plainten falen gelooss ginn, banaliséiert gëtt an Täter net gestrooft ginn.
D'Artikelen 442-2, 443 bis 452 an 454 bis 457-4 ... plus
Staatsgesetzer sinn do fir en friddlech Zesummeliewe an enger grousser Gemeinschaft ze regléieren an ze erliichteren. Ma leider stellen mir ëmmer mei fest, dass Plainten falen gelooss ginn, banaliséiert gëtt an Täter net gestrooft ginn.
D'Artikelen 442-2, 443 bis 452 an 454 bis 457-4 definéieren eng Aschränkung zur Meenungsfräiheet fir de Schutz vun de Léit. Trotzdeem befannen mir eis haut nach an engem System, wou dës Artikelen net eescht genuch geholl ginn. Och schreift de Code Pénal fir, dass bei Gewalt Awierkung géint Persounen aller Aart, Geschlecht, Berufsstand a Relioun rechtlech Schrëtter ënnerholl ginn.
Den Internet ass voller Haass, eis Stroossen si voller Gewalt. Dobäi betrëfft et jiddereen vun eis! Eis Kanner ginn am jéngsten Alter scho gemobbt, Aarbechter aus ëffentlechen Fonctiounen ginn aggresseiert, op Tiktok, Facebook an Co. kurséiren Videoen déi zur Eliminatioun vun diversen Communautéiten opruffen. Haislech Gewalt ass net prioritär. Meenungsfräiheet gëtt mat Volkshetze verwiesselt. An ze ville Fäll geschitt näischt, an et geet elo duer!
D' Erfarungen aus den leschten 2 Joer si follgend:
- D' Opfer vun haislecher Gewalt ginn net genuch eescht geholl. Et gëtt als "Onstëmmegkeet zwëschent Fra a Mann" banaliséiert déi et säit ëmmer scho goufen. d' Opfer gi mat bloen Plazen an vill Angscht heemgeschéckt.
- D' LGBTQAI+ Community gëtt bedrot, diskriminéiert, kierperlech wéi och verbal ugegraff an dëst am Internet wei och an der Ëffentlechkeet.
- Kanner am jonken Alter wëllen net mei an d' Schoul an weisen psychosomatesch Unzeechen wéi Bauchwéi, Iwwerginn, Roserei, Bettnässerei, Kappwéi, Panikattacken, Selbstmordgedanken oder Versich. Sie erliewen leider schonn ganz fréi, dass net konsequent duerchgegraff an gehollef gëtt. D'Entfert vun den jéngsten Mobbing-Dynamiken ass oft: Mir kann souwisou näischt passéieren.
Et muss méi konsequent Duerchgegraff ginn, dass et den Mënschen an eiser Gesellschaft besser geet, an Täter gestoppt ginn! ... moins