Publique n°1194
Pétitionnaire: Michel Hinterscheid
Fir d’Upasse vum generelle Gëltegkeetsdatum (4b) vum Führerschäin un de Gëltegkeetsdatum vun der längster Kategorie
Pour l’harmonisation de la date générale de validité des permis de conduire (4b) avec la date de validité de la catégorie la plus longue
But de la pétition
Fir d’Upasse vum generelle Gëltegkeetsdatum (4b) vum Führerschäin un de Gëltegkeetsdatum vun der längster Kategorie
Pour l’harmonisation de la date générale de validité des permis de conduire (4b) avec la date de validité de la catégorie la plus longue
Motivation de la pétition
Et kann net sinn, dass d’Gëltegkeet vum Dokument „Permis de Conduire“ méi fréi ofleeft, wéi déi längst vun sengen ofgedeckte Kategorien. Dëst féiert zu onnëtzer Konfusioun bei de Besëtzer, déi sech drop verloossen, dass hiert Dokument déi selwecht Gëltegkeetsdauer huet, wéi hir gesetzlech ... plus
Et kann net sinn, dass d’Gëltegkeet vum Dokument „Permis de Conduire“ méi fréi ofleeft, wéi déi längst vun sengen ofgedeckte Kategorien. Dëst féiert zu onnëtzer Konfusioun bei de Besëtzer, déi sech drop verloossen, dass hiert Dokument déi selwecht Gëltegkeetsdauer huet, wéi hir gesetzlech zougestanen Erlaabnes fir en Gefier am ëffentleche Stroosseverkéier ze steieren.
Ausserdeem féiert des Begrenzung zu zousätzlecher onnëtzer Aarbecht bei den zoustännegen Institutiounen, déi doduerch mat verfréiten an onnéidegen Erneierungsdemande geplot ginn.
Zousätzlech zum Upassen vum Datum, mussen natierlech all des falsch Dokumenter – op Demande vum Besëtzer – ouni Käschten an ouni neien administrativen Opwand fir déi Betraffen - vun deenen zoustännegen Institutiounen erneiert ginn.
Fir e massiven Aarbechtsopwand ze verhënneren, soll en Derogatiounsreglement, wat europäesch Gëltegkeet huet, erlooss ginn, dat déi aktuell Gëltegkeet vun der längster Kategorie als Gëltegkeetsdatum vun Führerschäindokument unerkennt.
--------------------------------------------------------------------------------------------------------
Il est inconcevable que la date générale de validité du document «Permis de Conduire» soit inférieure à celle de la catégorie couverte la plus longue. Ceci conduit à une confusion inutile des propriétaires, qui croient que leur document a la même durée de validité que l’aptitude de conduire un véhicule dans la circulation routière, qui leur est attestée par la loi.
De plus, cette limitation mène à des travaux supplémentaires inutiles auprès des institutions compétentes, qui de ce fait se verront confrontées à des demandes de renouvelation anticipées et non nécessaires.
En plus de l’harmonisation demandée, les documents existents devront être – sur demande des propriétaires – renouvelées par les institutions compétentes, sans frais et sans autre démarches administratives de la part des personnes concernées.
Afin d’éviter un surplus de travail considérable, il serait utile de promulguer un règlement de dérogation, valable sur le plan Européen, qui reconnaîtrait la date de validité de la catégorie la plus longue comme date de validité du document «permis de conduire».
... moins