Pétitionnaire: Vicky Wishof
Fir d'Entlaaschtung vu medizineschem Personal, a Schafe vun neie Servicer dass Famillje mat beanträchtegte Kanner déi néideg Ënnerstëtzung fannen.
But de la pétition
Medizinescht Personal, souwéi Professioneller aus entspriechende Servicer mussen dréngend méi Ënnerstëtzung hu fir qualitativ Aarbecht bei Famillje mat beanträchtegte Kanner ze leeschten. Den Diagnostikprozess wier wichteg zäitlech beschleunegt ze ginn, dofir muss als éischt eng besser ... plus
Motivation de la pétition
Pédiateren, Spideeler a Servicer sinn iwwerlaascht. Famillje musse sech selwer orientéieren a sinn iwwerfuerdert. De ganze System, awer virun allem d'Kanner, leiden ënnert dësen Ëmstänn. De Besoin fir Fréifuerderung gëtt bei Familljen opgrond vu mangelhafter Dokter-Eltere Relatioun dacks ze ... plus
Les étapes de cette pétition
La pétition publique n°2840 est clôturée, le 06-12-2023
Motivation de la clôture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite
Demande concernant la poursuite de l'instruction de la pétition reclassée en pétition ordinaire
Le seuil des 4500 signatures n'est pas atteint pour la pétition publique n°2840, le 11-10-2023 - Nombre de signatures après validation: 833
Signatures électroniques validées: 833
La période de signature de la pétition publique n°2840 est clôturée, le 06-09-2023 - Nombre de signatures électroniques avant validation: 833
La pétition publique n°2840 est ouverte à signature, le 26-07-2023
Déclaration de recevabilité
La pétition publique n°2840 est déclarée recevable par la Conférence des Présidents, le 25-07-2023
Recevabilité: recevable
Date de début de la période de signature: 26-07-2023 à 0h00
Date de fin de la période de signature: 05-09-2023 à 23h59
La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°2840, le 24-07-2023
Avis de la Commission des Pétitions: favorable
La pétition publique n°2840 est déposée, le 17-07-2023
Intitulé de la pétition: Fir d'Entlaaschtung vu medizineschem Personal, a Schafe vun neie Servicer dass Famillje mat beanträchtegte Kanner déi néideg Ënnerstëtzung fannen.
But de la pétition: Medizinescht Personal, souwéi Professioneller aus entspriechende Servicer mussen dréngend méi Ënnerstëtzung hu fir qualitativ Aarbecht bei Famillje mat beanträchtegte Kanner ze leeschten. Den Diagnostikprozess wier wichteg zäitlech beschleunegt ze ginn, dofir muss als éischt eng besser Zesummenaarbecht tëscht alle Bedeelegten am Land an iwwert d'Grenz eraus sinn. Eltere brauche méi Entlaaschtung bei chronesch / irreversibel erkrankte Kanner. Beanträchtegt Kanner ënnert engem Joer ginn dacks net als méi hëllefsbedürfteg wéi aner Puppelcher ugesinn, mat dem Argument se wiere souwisou op een ugewisen - och wann d'Famill Aarbecht a Fréifuerderung duerch extern Servicer zäitlech / finanziell net matenee kooridnéiert kritt. Wann de Krankheetsausléiser dobäi net fonnt ka ginn, gëtt och d'Behënnerung gär net als eng wouergeholl. Grad dës Kanner brauchen awer vill Fréifuerderung fir Réckstand opzehuelen, a keng Etikett. D'Famill brauch déi néideg Ressource fir dëst mam Beruff ze koordinéieren.
Motivation de l'intérêt général de la pétition: Pédiateren, Spideeler a Servicer sinn iwwerlaascht. Famillje musse sech selwer orientéieren a sinn iwwerfuerdert. De ganze System, awer virun allem d'Kanner, leiden ënnert dësen Ëmstänn. De Besoin fir Fréifuerderung gëtt bei Familljen opgrond vu mangelhafter Dokter-Eltere Relatioun dacks ze spéit erkannt, den Ausléiser vill ze spéit oder guer net gesicht. Famillje gi mat hirem Dossier an d'Ausland, wat mat enormem Opwand verbonnen ass, deelweis guer net méiglech ass. Mam berufflechen Alldag zesummen ass dat alles quasi net ze stemmen. D'Spidol an och d'Famillje brauchen dréngend déi néideg Ënnerstëtzung - sierf et just wärend dem Diagnostikprozess, oder je no Besoin vun der Famill, och iwwert den Diagnostikprozess eraus. Och Kanner ënnert engem Joer souwéi individuell Familljekonstellatioune sollen hei berücksichtegt ginn. D'Bevölkerung wiisst, an de Probleem dierf a kann net länger ignoréiert ginn.