La pétition publique n°766 est clôturée, le 01-06-2017
Motivation de la clôture: Pas de poursuite de l'instruction
Pétitionnaire: Philippe LEMAIRE
Des Petitioun fuerdert de Staat dozou op, ëffentlech a privat Arbeitgeber duerch verschidden Ureizer dozou ze bréngen, Aarbechtskräften, déi haaptsächlech um Computer an/oder um Telefon schaffen, zum Deel vun doheem aus schaffen ze loossen.
Wann zum Beispill en Deel vum den Employéen a Fonctionnaire just nach 3 vu 5 Deeg op de Büro kommen misst wär vill manner Trafic op de Stroossen a manner Accidenter. Et géif och ökologesch gesinn e groussen Ënnerscheed maachen, d’C02 Bilanz vu Lëtzebuerg wier besser. D'Präisser vun den ... plus
Motivation de la clôture: Pas de poursuite de l'instruction
Nouvelle date de fin de la période de signature: 21-03-2017
Recevabilité: recevable
Date de début de la période de signature: 06-02-2017 à 0h00
Date de fin de la période de signature: 20-03-2017 à 23h59
Avis de la Commission des Pétitions: favorable
Intitulé de la pétition: Entlaaschtung vun der Verkéiersinfrastruktur duerch Förderung vum Télétravail / Améliorer l'état du trafic routier par la promotion du télétravail
But de la pétition: Des Petitioun fuerdert de Staat dozou op, ëffentlech a privat Arbeitgeber duerch verschidden Ureizer dozou ze bréngen, Aarbechtskräften, déi haaptsächlech um Computer an/oder um Telefon schaffen, zum Deel vun doheem aus schaffen ze loossen.
Motivation de l'intérêt général de la pétition: Wann zum Beispill en Deel vum den Employéen a Fonctionnaire just nach 3 vu 5 Deeg op de Büro kommen misst wär vill manner Trafic op de Stroossen a manner Accidenter. Et géif och ökologesch gesinn e groussen Ënnerscheed maachen, d’C02 Bilanz vu Lëtzebuerg wier besser. D'Präisser vun den Immobilie géifen och zu engem gesonde Moos erofgoen well d'Frontaliere manner oft op Lëtzebuerg komme missten. Doduerch kéinte jonk Leit sech erëm éischter eng Wunneng zu Lëtzebuerg leeschten a manner staatlech Ënnerstëtzung fir bezuelbare Wunnraum wier néideg. Ausserdeem erlaabt Télétravail Lëtzebuerg e staarke Wuesstem well Leit, déi vun doheem aus schaffen, keng physesch Plaz zu Lëtzebuerg brauchen. D'Ureizer vum Staat kéinte finanziell Entlaaschtungen vu Firme sinn déi Télétravail fërderen, Formatiounen an dem Beräich oder Stéierentlaschtungen. De Staat sollt allerdéngs just den Télétravail fërderen wou Employéen a Fonctionnairen nach op d'mannst d'Halschent vun der Zäit um Büro si missten well ansonsten riskéiert een en héige Chômage zu Lëtzebuerg well zum Beispill Lëtzebuerger Aarbechtskräften duerch indesch Aarbechtskräften ersat gi kéinten.