Pétitionnaire: Jean Wivenes
Gratis ëffentlechen Transport OCH fir Studenten
But de la pétition
Aktuell kënne Lëtzebuerger Schüler um Territoire vum Grand-Duché den ëffentlechen Transport zu all Moment gratis benotzen, sief et fir de Schoultrajet ewéi och am Privaten. Den LCGB-LCGJ (Jugend vum LCGB) fuerdert dat selwecht Rescht OCH fir all d’Studenten déi hei zu Lëtzebuerg studéiren. ... plus
Motivation de la pétition
D’Lëtzebuerger Regierung gëtt vill Suen aus, fir aus der Uni.lu eng Universitéit vu Renommée ze maachen, déi wéit iwwert d’Landesgrenze bekannt soll ginn, a vergësst am selwechten Otemzuch awer d’Interête vun de Studenten, déi sech dagdeeglech an d'Stadt oder op de Belval mussen deplacéieren. ... plus
Les étapes de cette pétition
Démarches entreprises par le Gouvernement dans le cadre de l'instruction de la pétition
Démarches entreprises par le Gouvernement dans le cadre de l'instruction de la pétitionTransmission du procès-verbal
Un débat public en commission a eu lieu le 04-05-2017 au sujet de la pétition publique n°728
Procès-verbaux de réunion6.914 signatures validées
Invitation au débat
Lettre des pétitionnaires
Signatures électroniques validées: 765
Validation de 6.914 signatures
Le seuil des 4500 signatures est atteint pour la pétition publique n°728, le 13-12-2016
La période de signature de la pétition publique n°728 est clôturée, le 07-12-2016 - Nombre de signatures électroniques avant validation: 880
Signatures papier validées: 6149
La pétition publique n°728 est ouverte à signature, le 25-10-2016
La pétition publique n°728 est déclarée recevable par la Conférence des Présidents, le 20-10-2016
Recevabilité: recevable
Date de début de la période de signature: 25-10-2016 à 0h00
Date de fin de la période de signature: 06-12-2016 à 23h59
La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°728, le 20-10-2016
Avis de la Commission des Pétitions: favorable
La pétition publique n°728 est déposée, le 13-10-2016
Intitulé de la pétition: Gratis ëffentlechen Transport OCH fir Studenten
But de la pétition: Aktuell kënne Lëtzebuerger Schüler um Territoire vum Grand-Duché den ëffentlechen Transport zu all Moment gratis benotzen, sief et fir de Schoultrajet ewéi och am Privaten. Den LCGB-LCGJ (Jugend vum LCGB) fuerdert dat selwecht Rescht OCH fir all d’Studenten déi hei zu Lëtzebuerg studéiren.
Motivation de l'intérêt général de la pétition: D’Lëtzebuerger Regierung gëtt vill Suen aus, fir aus der Uni.lu eng Universitéit vu Renommée ze maachen, déi wéit iwwert d’Landesgrenze bekannt soll ginn, a vergësst am selwechten Otemzuch awer d’Interête vun de Studenten, déi sech dagdeeglech an d'Stadt oder op de Belval mussen deplacéieren. Speziell de Site Belval, am Süde vum Land, bedeit leider fir vill Studenten ee laangen Trajet vun Doheem aus an duerfir fuerdert den LCGB-LCGJ, dass een den Studenten zumindest dës finanzielle Charge eweghëllt an och hinnen de gratis Accès op den ëffentlechen Transport zousteet.
De LCGB-LCGJ huet genee dës Verbesserung vun der allgemenger Mobilitéit déi d’Schüler, déi hei zu Lëtzebuerg schonn accordéiert kruten, gutt geheescht, a fuerdert elo d’Extensioun vun dësem Rescht och fir Studenten. Well och d’Studenten, genee ewéi d’Schüler, hunn meeschtens nach keen eegene Verdéngscht.
Doriwwer eraus gëtt hei am Land vill fir d’Verbesserung vun der „Mobilitéit Douce“ am Sënn vun der Ëmwelt an der Verkéiersberouegung gemaach. An Deem Kontext géif de gratis Accès den ëffentlechen Transport fir Studente méi attraktiv maachen an déi aktuell Mobilitéitsustrengunge vun der Regierung.