La pétition publique n°648 est clôturée, le 06-09-2016
Motivation de la clôture: Pas de poursuite de l'instruction
Pétitionnaire: Gilles Quinet
Generellen Fëmmverbuet op den Quaien vun den Zuch an Busarrêten aféieren an och kontrolléieren dat et agehal gëtt, fir d'Loftqualitéit ze verbesseren, an dat een net gezwongen ass passiv ze fëmmen!
Generellen Fëmmverbuet op den Quaien vun den Zuchgaren Et gëtt nach deels massiv op den Quaien gefëmmt an et otemt een zwangsleefeg vill Zigarettendamp an. Net nëmmen dat dat fuerchtbar lästeg ass, Passivfëmmen ass jo bekannterweis och net grad gesond. Ausserdeem setzt een an vollbesaaten ... plus
Motivation de la clôture: Pas de poursuite de l'instruction
Recevabilité: recevable
Date de début de la période de signature: 24-05-2016 à 0h00
Date de fin de la période de signature: 05-07-2016 à 23h59
Avis de la Commission des Pétitions: favorable
Intitulé de la pétition: Fëmmverbuet op den Quaien vun den Zuch- an Busarrêten
But de la pétition: Generellen Fëmmverbuet op den Quaien vun den Zuch an Busarrêten aféieren an och kontrolléieren dat et agehal gëtt, fir d'Loftqualitéit ze verbesseren, an dat een net gezwongen ass passiv ze fëmmen!
Motivation de l'intérêt général de la pétition: Generellen Fëmmverbuet op den Quaien vun den Zuchgaren
Et gëtt nach deels massiv op den Quaien gefëmmt an et otemt een zwangsleefeg vill Zigarettendamp an. Net nëmmen dat dat fuerchtbar lästeg ass, Passivfëmmen ass jo bekannterweis och net grad gesond. Ausserdeem setzt een an vollbesaaten Zich nieft Leit déi no kalem Zigarettendamp richen, och dat ass onangenehm. Dat ass net den Zigarettengeroch den se vläicht vun doheem matbréngen, mä den vun enger frech gefëmmter an ausgemeeter Zigarett. Wann een schonn den ëffentlechen Transport aus Ëmweltgrënn benotzt, dann ass et jo paradox, dat een méi enger schlechter Loft ausgesat ass, wéi wann een mam Auto fiert.