Publique n°575

Pétitionnaire: Viviane Hansen-Adams

Géint d'Reklassement vun de Wittfraen a Wittmänner vun der Steierklass 2 an d'Steierklass 1A Contre le reclassement des veuves/veufs de la classe d'impôts 2 dans la classe d'impôts 1A

But de la pétition

Ofschafung vum Reklassement vun de Wittfraen a Wittmänner vun der Steierklass 2 an d’Steierklass 1A an Ännerung vum jeeweilege Gesetz. oder als Alternative : Schafung vun enger neier Steierklass oder extra Abattement’en fir Wittfraen a Wittmänner. D’Besteierung soll dem viirechte ... plus

Motivation de la pétition

LE TEXTE FRANCAIS DE LA MOTIVATION PEUT ETRE CONSULTE DANS LE DOCUMENT PDF PUBLIE SUR LE SITE Mir hu momentan ongeféier 30.000 Wittfraen a Wittmänner hei zu Lëtzebuerg. Dës Zuel representéiert 5% vun der Populatioun vum Grand-Duché. Wann é bedenkt datt 19.32% vun den Awunner vu Lëtzebuerg ... plus

expiré  11.12.2015
8540 /4.500
100%
signatures enregistrées

Partager la pétition

Les étapes de cette pétition

Icon process
19.04.2018

Déclaration de clôture

16.04.2018

La pétition publique n°575 est clôturée, le 16-04-2018

Motivation de la clôture: Suite au bilan de la Commission

09.01.2017

Démarches entreprises par le Gouvernement dans le cadre de l'instruction de la pétition

Démarches entreprises par le Gouvernement dans le cadre de l'instruction de la pétition Démarches entreprises par le Gouvernement dans le cadre de l'instruction de la pétition
14.04.2016

Transmission de procès-verbaux

19.02.2016

Une prise de position au sujet de la pétition publique n°575 est disponible, le 19-02-2016

Commissions parlementaire: Commission des Finances et du Budget

Procès-verbaux de réunion Procès-verbaux de réunion
02.02.2016

Un débat public en commission a eu lieu le 02-02-2016 au sujet de la pétition publique n°575

Procès-verbaux de réunion Procès-verbaux de réunion
14.01.2016

Invitation au débat public

18.12.2015

Signatures papier validées: 5151

18.12.2015

Signatures électroniques validées: 3389

18.12.2015

Le seuil des 4500 signatures est atteint pour la pétition publique n°575, le 18-12-2015

12.12.2015

La période de signature de la pétition publique n°575 est clôturée, le 12-12-2015 - Nombre de signatures électroniques avant validation: 3625

02.11.2015

Déclaration de recevabilité

30.10.2015

La pétition publique n°575 est ouverte à signature, le 30-10-2015

29.10.2015

La pétition publique n°575 est déclarée recevable par la Conférence des Présidents, le 29-10-2015

Recevabilité: recevable

Date de début de la période de signature: 30-10-2015 à 0h00

Date de fin de la période de signature: 11-12-2015 à 23h59

28.10.2015

La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°575, le 28-10-2015

Avis de la Commission des Pétitions: favorable

26.10.2015

La pétition publique n°575 est déposée, le 26-10-2015

Intitulé de la pétition: Géint d’Reklassement vun de Wittfraen a Wittmänner vun der Steierklass 2 an d’Steierklass 1A

Contre le reclassement des veuves/veufs de la classe d’impôts 2 dans la classe d’impôts 1A

 

 

But de la pétition: Ofschafung vum Reklassement vun de Wittfraen a Wittmänner vun der Steierklass 2 an d’Steierklass 1A an Ännerung vum jeeweilege Gesetz.

oder als Alternative :

Schafung vun enger neier Steierklass oder extra Abattement’en fir Wittfraen a Wittmänner. D’Besteierung soll dem viirechte Liewensstandard ugepasst sin.

 

Abolition du reclassement des veuves/veufs de la classe d’impôts 2 dans la classe d’impôt 1A et modification de la loi respective.

ou alternativement

Création d’une nouvelle classe d’impôts ou abattements extraordinaires pour veufs / veuves. L’imposition devrait tenir compte du niveau de vie antérieur.

 

Motivation de l'intérêt général de la pétition: LE TEXTE FRANCAIS DE LA MOTIVATION PEUT ETRE CONSULTE DANS LE DOCUMENT PDF PUBLIE SUR LE SITE

 

Mir hu momentan ongeféier 30.000 Wittfraen a Wittmänner hei zu Lëtzebuerg. Dës Zuel representéiert 5% vun der Populatioun vum Grand-Duché. Wann é bedenkt datt 19.32% vun den Awunner vu Lëtzebuerg iwwer 60 Joer aalsin (54% Fraen a 46% Männer - Statistiken vum 01.01.2015) an datt plus minus d’Hallschent dovunner bestuet ass, da kann én sech jo virstellen datt d’Zuel vun de Wittfraen a Wittmänner an déne nächste Joeren däitlech wäert an d’Luucht goen.

Laut dem aktuelle Lëtzebuerger Gesetz, huet den hannerbliwwene Steierzueler d’Recht op Steierklass 2 daat Joer wou de Liewenspartner gestuerwen ass a nach 3 Joer duerno. No dëser Iwwergangsperiod gët hien dann an d’Steierklass 1A reklasséiert waat fir eng Persoun aus dem Mëttelstand heescht datt si +/- 300 Euro pro Mount méi Steieren bezuelen muss.

Dës Erhéijung, vun där de Staat natierlech profitéiert, huet awer ganz schlëmm Auswierkungen op déi déi hire Liewenspartner verluer hun.

Studien weisen datt Wittfraen a Wittmänner vill éischter ënnert d’Aarmutsgrenz falen wéi de Rescht vun der Populatioun. Et brauch é jo nët ze erwähnen a wéi engem Mooss dësen Zoustand hiert Wuelbefannen an hier Gesondheet beaflosst a bedenkt och datt hiert Gemidd schonn duerch de Verloscht vum Liewenspartner scho béis ugeschloen ass.

Nom Doud ännert sech alles am Liewen vum Hannerbliwwenen. D’Deeg si gefëllt vun Trauer a vu Péng, a fir déi, déi Dag a Nuecht, hiren doudkranke Liewenspartner versuergt hun, kënnt och nach d’Erschöpfung dobäi. D’Liewen huet säin Inhalt verluer an déi deeglech Aarbechten heefen sech well den Iwwerliewenden sech ëm alles eleng këmmere muss. Oft muss hien aus dem Haus plënneren well ët ze deier gët oder well hien eleng d’Aarbecht nët méi packt. Alles wat him da bleift ass déi kleng “pension de survie” fir déi de Liewenspartner säi Liewe laang geschafft huet, mais souguer déi kréien verschiddener vum Staat refuséiert.

Dëst ongerecht Reklassement geet ons all eppes un well Wittfra oder Wittmann gin ass kee Choix.

Haaptsächlech déi eeler Leit hun d’Kraaft nët méi sech géint dës ongerecht Erhéijung vun de Steieren ze wieren. Déi Hannerbliwwen soll é mat Respekt behandelen. Am Sënn vun der Solidaritéit soll ët engem Staat seng Aufgab sindéi Leit an der Steierklass 2 ze loossen oder eng nei Steierklass oder extra Abattement’en fir d’ Wittfraen a Wittmänner anzeféieren déi dem virrechte Liewensstandard Rechnung droen.

Kommt mir hëllefen dëser Generatioun, enger Generatioun déi e groussen Deel vun hirem Liewen fir de Wuelstand vun der aktueller Generatioun geschafft huet.

 

26.10.2015

Dépôt