Publique n°482

Pétitionnaire: Rick Theisen

RECHT OP LËTZEBUERGER SPROOCH

But de la pétition

De But vun der Petitioun sollt sinn, dass hei zu Lëtzebuerg net méi genuch Lëtzebuergesch geschwat gëtt! Praktesch iwwerall wou een higeet muss ee Franzéisch schwätzen z.B. an de Klinike schwätzen d’Dokteren zum Deel mol kee Lëtzebuergesch méi, vun den Sekretärinnen praktesch och net! An de ... plus

expiré  17.04.2015
242 /4.500
5%
signatures enregistrées

Partager la pétition

Les étapes de cette pétition

Icon process
04.06.2015

La pétition publique n°482 est clôturée, le 04-06-2015

27.04.2015

Demande concernant la poursuite de l'instruction de la pétition reclassée en pétition ordinaire

22.04.2015

Signatures électroniques validées: 242

22.04.2015

Le seuil des 4500 signatures n'est pas atteint pour la pétition publique n°482, le 22-04-2015 - Nombre de signatures après validation: 242

18.04.2015

La période de signature de la pétition publique n°482 est clôturée, le 18-04-2015 - Nombre de signatures électroniques avant validation: 243

06.03.2015

La pétition publique n°482 est ouverte à signature, le 06-03-2015

05.03.2015

La pétition publique n°482 est déclarée recevable par la Conférence des Présidents, le 05-03-2015

Recevabilité: recevable

Date de début de la période de signature: 06-03-2015 à 0h00

Date de fin de la période de signature: 17-04-2015 à 23h59

23.02.2015

La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°482, le 23-02-2015

Avis de la Commission des Pétitions: favorable

02.02.2015

La pétition publique n°482 est déposée, le 02-02-2015

Intitulé de la pétition: RECHT OP LËTZEBUERGER SPROOCH

But de la pétition: De But vun der Petitioun sollt sinn, dass hei zu Lëtzebuerg net méi genuch Lëtzebuergesch geschwat gëtt!

Praktesch iwwerall wou een higeet muss ee Franzéisch schwätzen z.B. an de Klinike schwätzen d’Dokteren zum Deel mol kee Lëtzebuergesch méi, vun den Sekretärinnen praktesch och net! An de Geschäfter ass och bal keen, dee Lëtzebuergesch schwätzt! An de Schoule sinn souguer Proffen, déi Lëtzebuergesch nach net mol verstinn! Sämtlech Post déi ee kritt, vun den Banken, den Administratiounen, Rechnungen asw. ass op Franzéisch oder vielläicht nach op Däitsch, mais ni op LETZEBUERGESCH!

Wann een duerch d'Staat geet mengt een, et wier een am Ausland, et héiert een zum gréissten Deel friem Sproochen!

Wat geschitt mat der Lëtzebuerger Sprooch, wann net méi drop gehalen gëtt, dassen déi Leit, déi all Dag heihi schaffe kommen oder souguer scho Joren héi am Land wunnen, Lëtzebuergesch solle léieren ; da geet d'Lëtzebuerger Sprooch ënner! Well d'Lëtzebuerger selwer och zum Deel ëmmer méi franzéisch Wierder benotzen!

Firwat ass daat sou? Et ass wiirklech néidesch, dass eppes geschitt! An et ass un deenen zoustänneche Leit, déi onst Land regéieren, an dem Sënn eppes ze ënnerhuelen an drop ze halen, dass ons Sprooch erhale bleift! Well mir wëlle jo bleiwe wat mir sinn!

 

Dëst huet kee rassisteschen Hannergrond, mais mir Lëtzebuerger solle mol méi op ons halen!

 

01.02.2015

Dépôt