Publique n°434

Pétitionnaire: Jean Heuschling

Steierlech Erliichterung fir "familles monoparentales" a Besteierung vun de "familles monoparentales an der Steierklass 2

But de la pétition

- E Papp oder eng Mamm mat engem oder méi Kanner (famille monoparentale, Steierklass 1a) bezuelen bis zu 153% méi Steieren wéi eng Koppel (Steierklass 2), obschonn allebéid Famillen zu 2 oder méi an engem Stot zesummeliewen. D'Situatioun ass also déi selwecht. Mä eng Koppel profitéiert vu ... plus

expiré  27.12.2014
355 /4.500
8%
signatures enregistrées

Partager la pétition

Les étapes de cette pétition

Icon process
25.02.2015

La pétition publique n°434 est clôturée, le 25-02-2015

21.01.2015

Demande concernant la poursuite de l'instruction de la pétition reclassée en pétition ordinaire

15.01.2015

Signatures électroniques validées: 355

15.01.2015

Le seuil des 4500 signatures n'est pas atteint pour la pétition publique n°434, le 15-01-2015 - Nombre de signatures après validation: 355

28.12.2014

La période de signature de la pétition publique n°434 est clôturée, le 28-12-2014 - Nombre de signatures électroniques avant validation: 355

12.12.2014

La période de signature de la pétition publique n°434 est prolongée jusqu'au 27-12-2014, le 12-12-2014

Nouvelle date de fin de la période de signature: 27-12-2014

14.11.2014

La pétition publique n°434 est ouverte à signature, le 14-11-2014

13.11.2014

La pétition publique n°434 est déclarée recevable par la Conférence des Présidents, le 13-11-2014

Recevabilité: recevable

Date de début de la période de signature: 14-11-2014 à 0h00

Date de fin de la période de signature: 26-12-2014 à 23h59

10.11.2014

La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°434, le 10-11-2014

Avis de la Commission des Pétitions: favorable

16.09.2014

La pétition publique n°434 est déposée, le 16-09-2014

Intitulé de la pétition: Steierlech Erliichterung fir "familles monoparentales" a Besteierung vun de "familles monoparentales an der Steierklass 2

 

 

But de la pétition: - E Papp oder eng Mamm mat engem oder méi Kanner (famille monoparentale, Steierklass 1a) bezuelen bis zu 153% méi Steieren wéi eng Koppel (Steierklass 2), obschonn allebéid Famillen zu 2 oder méi an engem Stot zesummeliewen. D'Situatioun ass also déi selwecht. Mä eng Koppel profitéiert vu steierleche Virdeeler, während eng Mamm oder e Papp mat engem oder méi Kanner zousätzlech finanziell an organisatoresch Chargen huet:

 

- Erzéiung vum Kand

 

- Dagesmamm, Crèche, Foyer, Schoul, Veräin, Babysitter

 

- Eleng den Haushalt erleedegen

 

- Seng Fräizäit nom Kand riichten (Veräin, Taxi, Educatioun, Eltereversammlung, Krankepfleg, Dokter, ....)

 

- Méi Verantwortung, Decisiounen, Suergen, Stress

 

- Manner Fräizäit, Entspanung, Zäit fir sech selwer

 

- Steierlech Nodeeler (Steierklass 1a), dat si bis zu 153% a 780€ méi pro Mount. Eleng doduerch läit d'Nettoakommes bis zu 16% méi niddereg.

 

- D'Kannergeld an aner Allocatiounen, gi bei engem Kand oft mol net duer, fir de steierlechen Nodeel zu enger bestueter Koppel auszegläichen. Trotz Kannergeld bleift d'Nettoakommes also méi niddereg. Soziaalt Engagement gëtt also hei net belount mä kascht vill Suen, zousätzlech zu de Käschten déi Kanner mat sech bréngen.

 

Fir alles ze meeschteren gi vill vun de Pappen a Mammen "à temps partiel" schaffen, wat zousätzlech riseg finanziell Aschränkunge bedeit.

 

En Elengerzéier (eng Elengerzéierin) ka säin Akommes net duerch en 2. Akommes opbesseren, wéi et eng Koppelen maache kann. Dobäi ass nach eng grouss Zomm vum 2. Akommes steierfräi.

 

Déi héich Besteierung (Klass 1a) vu de "familles monoparentales" ass net ze verstoen an och net drobar.

 

Elengerzéiend Elterendeeler si sozial engagéiert an droen zur Zukunft vum Land bäi, sécheren de Fortbestand vun der Bevëlkerung, këmmeren sech ëm d'Kanner a bezuelen en héige Präis. Hei am Land gëtt ee finanziell bestrooft, wann een duerch familiär Ëmstänn Kanner huet a se muss eleng erzéien.

 

Vill Mammen a Pappen liewen eleng mat hire Kanner. Déi Zuel klëmmt stänneg. Déi meescht hu sech dat net gewënscht a sinn oft an enger schwiereger sozialer, moralescher a finanzieller Situatioun. (Trennung, Scheedung, Stierffall, Meedercherskanner ... ), den Aarmutsrisiko ass riesech (46,9%) am Verglach mat enger bestueter Koppel (7,1%) an e gëtt ënner anerem duerch déi steierlech Nodeeler verursaacht.

 

Fir där Ongerechtegkeet am Vergläich zu Koppelen en Enn ze maachen, gëtt et eng Méiglechkeet: "Familles monoparentales" gehéieren an d'Steierklass 2.

 

15.09.2014

Dépôt