Ordinaire n°3448

Pétitionnaire: Romain Reiter

Petitioun fir d’Beschneidung vun de Rechter vu Russland am Weltsécherheetsrot

But de la pétition

Här Präsident Russland huet mat sengem Ugrëff op d’Ukraine, e souveränt UN-Memberland, géint d’Grondprinzipien an Ziler vun der UNO verstouss, déi dofir steet, Fridden an international Sécherheet ze fërderen an d’Integritéit vun de Memberstaaten ze schützen. Dëse Verstouss géint ... plus

Partager la pétition

Les étapes de cette pétition

Icon process
16.12.2024

Une prise de position est demandée au sujet de la pétition ordinaire n°3448, le 16-12-2024

Ministre(s): Madame Elisabeth Margue, Ministre déléguée auprès du Premier ministre, chargée des Relations avec le Parlement

11.12.2024

La pétition ordinaire n°3448 est déclarée recevable par la Commission des Pétitions, le 11-12-2024

Recevabilité: recevable

19.11.2024

La pétition ordinaire n°3448 est déposée, le 19-11-2024

Intitulé de la pétition: Petitioun fir d’Beschneidung vun de Rechter vu Russland am Weltsécherheetsrot

But de la pétition: Här Präsident

 

Russland huet mat sengem Ugrëff op d’Ukraine, e souveränt UN-Memberland, géint d’Grondprinzipien an Ziler vun der UNO verstouss, déi dofir steet, Fridden an international Sécherheet ze fërderen an d’Integritéit vun de Memberstaaten ze schützen.

 

Dëse Verstouss géint d’UNO-Charta ass onbestreitbar an ënnergrueft déi fundamental Wäerter, op deene mir eis international Gemeinschaft opbauen. Et ass onhaltbar, dass e Land mat sou engem Grondverstouss seng voll Stëmmrechter am Weltsécherheetsrot behält a souguer vun engem Vetorecht profitéiert, dat all Beméiunge fir Fridden a Gerechtegkeet blockéiere kann.

 

Dofir soll Lëtzebuerg:

 

1. Aktiv unzestriewen, dass de Weltsécherheetsrot Moossnamen ënnerhëlt, fir déi voll Stëmmrechter vu Russland an dësem Gremium temporär ze beschränken.

 

2. Eng Initiative anzesetzen, déi Länner an de Vereenten Natiounen zesummebréngt, fir eng Revisioun vun de Reegele vum Weltsécherheetsrot virzebereeden, sou dass d Stëmmrecht an d’Vëtorecht bei sou schlëmme Verstéiss ka suspendéiert ginn.

 

Duerch dës Moossnamen soll d’UNO hir Prinzipien a Wäerter verdeedegen an e kloert Zeeche sëtzen, fir dat onprovozéiert Ugrëffer op anner Völker nët onbestrooft bleiwen.

 

Mat beschten Gréiss,