Une prise de position est demandée au sujet de la pétition ordinaire n°3444, le 16-12-2024
Ministre(s): Madame Elisabeth Margue, Ministre déléguée auprès du Premier ministre, chargée des Relations avec le Parlement
Pétitionnaire: Gilles Jank
Här Minister, D’ANF huet kierzlech e puer ganz interessant Projeten zu Wëntreng realiséiert, Fliedermaustuerm um Felsberg an Dréchemaueren fir d’Eidechsen um Hommelsberg/Felsberg. Op dem Felsberg ass de flavistischen Bergmolch nogewisen ginn (cf. Ferrantia 75), dës Ënneraart ass jo aus ... plus
Ministre(s): Madame Elisabeth Margue, Ministre déléguée auprès du Premier ministre, chargée des Relations avec le Parlement
Recevabilité: recevable
Intitulé de la pétition: Petitioun zu zwou Quellen zu Wëntreng
But de la pétition: Här Minister,
D’ANF huet kierzlech e puer ganz interessant Projeten zu Wëntreng realiséiert, Fliedermaustuerm um Felsberg an Dréchemaueren fir d’Eidechsen um Hommelsberg/Felsberg.
Op dem Felsberg ass de flavistischen Bergmolch nogewisen ginn (cf. Ferrantia 75), dës Ënneraart ass jo aus ëssenschaftlecher Siicht interessant an och zu Lëtzebuerg eenzegaarteg. Seng Läichplaz um Felsberg zu Wëntreng ass leider ëmmer méi fréi komplett dréchen, sou datt seng Larven do warscheinlech net iwwerliewen.
Dëse Summer hunn ech 300 Meter Loftlinn vun der Quell an der Réserve naturelle Kuebendällchen, nämlech an de Quärten, de Piwitsch an de schwarze Stuerk gesinn, dëst ass jo u sech scho bal eng kleng Sensatioun.
Elo zu menger Propositioun, d'Quellen ënnert dem Ställchesbësch an an der Réserve Kuebendällchen leien op Terrainen, déi sech an ëffentlecher Hand befannen, den Zoustand vun deenen zwou Quellen ass net gutt, verschidde kleng Mesuren, ouni groussen finanziellen Impakt, kéinten d’Liewensraim vun deenen uewen genannten Aarten wesentlech verbesseren an zum Erhalt vun der Biodiversitéit op der Musel bäidroen.
Mir kënnen houfreg sinn déi geschützten Aarten nach op der Musel zu hunn.
Mat beschte Gréiss