Ordinaire n°3423

Pétitionnaire: Romain Reiter

Opbau vun enger Drohnenproduktioun zu Lëtzebuerg fir d’Ënnerstëtzung vun der Ukraine

But de la pétition

Léif Memberen vun der Chamber, Lettland huet huet eng eege Drohnenproduktioun gestart, fir hir technesch Kapazitéiten auszebauen an d’Ukraine mat wichtegem Material ze ënnerstëtzen. Lëtzebuerg soll sich en Beispill huelen an säin Bäitrag zu dëser kritescher Technologie leeschten.  ... plus

Partager la pétition

Les étapes de cette pétition

Icon process
06.02.2025

Transmission de la prise de position gouvernementale au pétitionnaire

21.01.2025

Une prise de position au sujet de la pétition ordinaire n°3423 est disponible, le 21-01-2025

Ministre(s): Monsieur Lex Delles, Ministre de l'Économie, des PME, de l'Énergie et du Tourisme, Madame Yuriko Backes, Ministre de la Défense, Monsieur Xavier Bettel, Ministre des Affaires étrangères et du Commerce extérieur

21.11.2024

Une prise de position est demandée au sujet de la pétition ordinaire n°3423, le 21-11-2024

Ministre(s): Madame Yuriko Backes, Ministre de la Défense, Monsieur Xavier Bettel, Ministre des Affaires étrangères et du Commerce extérieur

20.11.2024

La pétition ordinaire n°3423 est déclarée recevable par la Commission des Pétitions, le 20-11-2024

Recevabilité: recevable

24.10.2024

La pétition ordinaire n°3423 est déposée, le 24-10-2024

Intitulé de la pétition: Opbau vun enger Drohnenproduktioun zu Lëtzebuerg fir d’Ënnerstëtzung vun der Ukraine

But de la pétition: Léif Memberen vun der Chamber,

 

Lettland huet huet eng eege Drohnenproduktioun gestart, fir hir technesch Kapazitéiten auszebauen an d’Ukraine mat wichtegem Material ze ënnerstëtzen. Lëtzebuerg soll sich en Beispill huelen an säin Bäitrag zu dëser kritescher Technologie leeschten.

 

Lëtzebuerg an d'Groussregioun sinn Heemecht vu ville passionéierte Tüftler, Technik-Freaks a wëssenschaftleche Fuerscher, déi sech mat der Entwécklung a Konstruktioun vu selbstfléiende Fluchobjeten, wéi Drohnen, auskennen.

 

Mat dëser Petitioun ruffe mir d'Chamber op, eng national Initiativ unzestoussen, déi dëst Know-How vereenegt, fir eng systematesch Dronenproduktioun zu Lëtzebuerg opzebauen. Den dramateschen Asaz vu Drohnen am aktuelle Konflikt an der Ukraine huet bewisen, wéi vital dës Technologie am Krich ass – sief et fir Verdeedegung, Iwwerwaachung oder humanitär Zwecker.

 

Ech proposéieren fir an engem éischte Schratt, d'Produktiounsziel vu 1000 Drohnen pro Woch ze erreechen. Dës Drohnen sollen un d’Ukraine geliwwert ginn, fir si an hirem Kampf géint d’Aggressioun ze ënnerstëtzen.

 

D'Virdeeler vun esou engem Projet si villfälteg:

 

1. Bündelung vu Fachwëssen: Duerch d’Kooperatioun tëscht Tüftlern, Ingenieuren a Fuerscher kéint eng gemeinsam Innovatiounsplattform geschaf ginn, déi Resultater liwwert.

2. Humanitär an verdeedegungstechnesch Ënnerstëtzung fir d’Ukraine: D'Produktioun vun Drohnen zu Lëtzebuerg an hir Liwwerung un d'Ukraine géif e substantiellen Bäitrag zu hiren Verteidegungskapazitéite leeschten an derbäi hëllefen, d'Mënscheliewe besser ze schützen.

3. Wirtschaftleche Wuesstem an Aarbechtsplazen: Dëse Projet kéint och nei Aarbechtsplazen an der Héichtechnologie an am Ingenieurwiesen zu Lëtzebuerg schafen, wat langfristig der nationaler Wirtschaft eventuell Chancen bidden kennt.

 

Ech proposéieren, fir dëse Projet unzegoen an d'Produktioun vu modernen Drohnen zu Lëtzebuerg anzeriichten, déi spéider un d'Ukraine geliwwert ginn.

 

Mat beschte Gréiss,