Ordinaire n°3380

Pétitionnaire: Edyta Potalska-Schwartz

Petitiou fir en legale Protokoll iwwer den Ënnerschrëft vun engem Aarbechtsvertrag am sozio-edukative Secteur zu Lëtzebuerg

But de la pétition

Ech wëll mech mat dëser Petitioun un déi zoustänneg Autoritéiten zu Lëtzebuerg wennen an d'Aféierung vun engem legale Protokoll fir d'Ënnerschrëft vun Aarbechtskontrakter am sozio-edukative Secteur fuerderen. Ech schloen vir, datt zukünfteg Mataarbechter d'Recht kréien, eng Kopie vum ... plus

Partager la pétition

Les étapes de cette pétition

Icon process
17.10.2024

Une prise de position est demandée au sujet de la pétition ordinaire n°3380, le 17-10-2024

Ministre(s): Monsieur Georges Mischo, Ministre du Travail

16.10.2024

La pétition ordinaire n°3380 est déclarée recevable par la Commission des Pétitions, le 16-10-2024

Recevabilité: recevable

30.09.2024

La pétition ordinaire n°3380 est déposée, le 30-09-2024

Intitulé de la pétition: Petitiou fir en legale Protokoll iwwer den Ënnerschrëft vun engem Aarbechtsvertrag am sozio-edukative Secteur zu Lëtzebuerg

But de la pétition: Ech wëll mech mat dëser Petitioun un déi zoustänneg Autoritéiten zu Lëtzebuerg wennen an d'Aféierung vun engem legale Protokoll fir d'Ënnerschrëft vun Aarbechtskontrakter am sozio-edukative Secteur fuerderen.

 

Ech schloen vir, datt zukünfteg Mataarbechter d'Recht kréien, eng Kopie vum Aarbechtsvertrag ee vollen Dag virun der finaler Ënnerschrëft vum Patron ze kréien. Dës Moossnam géif et de Mataarbechter erméiglechen, den Inhalt vum Kontrakt ze liesen an eventuell am Viraus op Basis vum Aarbechtsrecht ze iwwerpréifen.

 

Dëst géif zu engem géigesäitegen Vertrauen tëscht Patron a Mataarbechter féieren, well béid Säite genuch Zäit hätten, de Kontrakt virun der Ënnerschrëft ze verstoen a Froen oder Onkloerheete kënnen am Viraus gekläert ginn.

 

Ech sinn der Meenung, datt esou e Protokoll wesentlech dozou bäidroe kéint, déi respektvoll Zesummenaarbecht am sozio-edukative Secteur ze stäerken an d’Rechter vun de Mataarbechter besser ze garantéieren.

 

Ech bieden Iech, dës Propos a Betruecht ze zéien an déi noutwenneg legal Ännerungen anzeféieren.