Publique n°3321

Pétitionnaire: Claude Wangen

Migratiounskris - Mënschlechen Ëmgang mat de Mënschen/Solidaritéit mat de Länner aus Südeuropa

But de la pétition

All Dag riskéieren Mënschen hiert Liewen a probéieren an Europa ze kommen; ob allerlee Weeër: d'Mëttelmier selwer, d'Strooss vu Gibraltar, vu Westafrika op d'Kanaren, .etc. Iwwert dës Petitioun soll d'Lëtzebuerger Regierung an d'Verantwortung geholl ginn, an dat op 4 Manéieren. 1/ de ... plus

Motivation de la pétition

De spuenesche Radio RTVE5 zielt all Dag op, wéivill Leit op de Kanaren ukommen. Awer net just dat: si hu Reportagen iwwert d'Santé mentale vun deene Leit - fir si sinn et ganz kloer Mënschen! Do kéint dat räischt Land aus der EU roueg dervu léieren.

Partager la pétition

Les étapes de cette pétition

Icon process
26.09.2024

La pétition publique n°3321 est retirée, le 26-09-2024

Motivation du retrait: Le pétitionnaire a retiré sa pétition publique.

26.09.2024

Déclaration de recevabilité

26.09.2024

La pétition publique n°3321 est déclarée recevable par la Conférence des Présidents, le 26-09-2024

Recevabilité: recevable

25.09.2024

La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°3321, le 25-09-2024

Avis de la Commission des Pétitions: favorable

13.08.2024

La pétition publique n°3321 est déposée, le 13-08-2024

Intitulé de la pétition: Migratiounskris - Mënschlechen Ëmgang mat de Mënschen/Solidaritéit mat de Länner aus Südeuropa

But de la pétition: All Dag riskéieren Mënschen hiert Liewen a probéieren an Europa ze kommen; ob allerlee Weeër: d'Mëttelmier selwer, d'Strooss vu Gibraltar, vu Westafrika op d'Kanaren, .etc.

 

Iwwert dës Petitioun soll d'Lëtzebuerger Regierung an d'Verantwortung geholl ginn, an dat op 4 Manéieren.

1/ de Stereotyp vum Migrant muss dringend hannerfrot hinn (den Ënnerscheed tëscht Migrant an Ex-pat däerf net subjektiv bleiwen - an d'Diir oploossen fir Definitiounen bei deenen d'Hautfaarw matschwéngt)

2/ mir als Lëtzebuerg mussen eisen europäesche Partner zur Säit stoën: déi Iddi, dass de Migrant do soll bleiwe wou en ukomm ass, ass eng Isolatiounspolitik fir eist Land, fir déi mer eis schumme sollen

3/ Lëtzebuerg soll sech kloer vun de Methoden distanzéieren, déi (méi a méi kloer dokumentéiert) vu Frontex (etc.?) ugewannt ginn. Europa ass op der Erfahrung vun engem Genozid entstan; et däerf net zum Akteur an engem anere ginn.

 

Solidaritéit mat de Länner an der Welt muss zur Grondmaxime ginn.

Motivation de l'intérêt général de la pétition: De spuenesche Radio RTVE5 zielt all Dag op, wéivill Leit op de Kanaren ukommen.

Awer net just dat: si hu Reportagen iwwert d'Santé mentale vun deene Leit - fir si sinn et ganz kloer Mënschen!

Do kéint dat räischt Land aus der EU roueg dervu léieren.