Publique n°3120

Pétitionnaire: Arlind Veliqi

Oschafe vum CAE Kontrakt (Contrat d'Appui Emploi) oder fair Konditiounen fir den CAE Kontrakt.

But de la pétition

Des Petitioun huet d’Zil, dass den Aarbechtsminister sech Gedanke mecht, ob den CAE Kontrakt net ofgeschaaft soll ginn oder mei fair Konditioune solle geschaaft ginn. Jonker, déi hir éischt Aarbechtserfahrung maachen, sollen net esou eng negativ Erfarung dierfe maachen. D’Aarbechtswelt ... plus

Motivation de la pétition

Den CAE (Contrat d'Appui Emploi) Kontrakt gëtt vun der ADEM ausgestallt, wann een 3 Méint bei der ADEM ugemellt ass, fir Leit ënner 30 Joer. Vill Ufänger, déi bei der ADEM ugemellt sinn, maachen hir eicht Aarbechtserfahrung mam CAE Kontrakt, wat mat Frustratioun a wéineg Motivatioun kann ... plus

17
jours restants
15 /4.500
0%
signatures enregistrées

Partager la pétition

Les étapes de cette pétition

Icon process
07.06.2024

La pétition publique n°3120 est ouverte à signature, le 07-06-2024

06.06.2024

Déclaration de recevabilité

06.06.2024

La pétition publique n°3120 est déclarée recevable par la Conférence des Présidents, le 06-06-2024

Recevabilité: recevable

Date de début de la période de signature: 07-06-2024 à 0h00

Date de fin de la période de signature: 18-07-2024 à 23h59

05.06.2024

La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°3120, le 05-06-2024

Avis de la Commission des Pétitions: favorable

22.03.2024

La pétition publique n°3120 est déposée, le 22-03-2024

Intitulé de la pétition: Oschafe vum CAE Kontrakt (Contrat d'Appui Emploi) oder fair Konditiounen fir den CAE Kontrakt.

But de la pétition: Des Petitioun huet d’Zil, dass den Aarbechtsminister sech Gedanke mecht, ob den CAE Kontrakt net ofgeschaaft soll ginn oder mei fair Konditioune solle geschaaft ginn.

 

Jonker, déi hir éischt Aarbechtserfahrung maachen, sollen net esou eng negativ Erfarung dierfe maachen. D’Aarbechtswelt muss attraktiv gemaach ginn, zumools fir Jonker, an dofir ass den CAE net geduecht.

 

Et ass fir d‘ Ufänger, d’Aarbechtswelt attraktiv ze maachen an se och esou ze halen.

 

Motivation de l'intérêt général de la pétition: Den CAE (Contrat d'Appui Emploi) Kontrakt gëtt vun der ADEM ausgestallt, wann een 3 Méint bei der ADEM ugemellt ass, fir Leit ënner 30 Joer.

 

Vill Ufänger, déi bei der ADEM ugemellt sinn, maachen hir eicht Aarbechtserfahrung mam CAE Kontrakt, wat mat Frustratioun a wéineg Motivatioun kann verbonnen gin.

Den onfaire Loun fir déi Aarbechter mat engem CAE, brenge vill dozou net mei weider wëllen ze schafen oder gesinn d'Aarbechtswelt net mei als eng fair Platz.

 

D'Tachen sinn an de meeschten Fäll identesch, wei déi vun den normalen Aarbechter.

 

Mineure kréien automatesch 80% vum onqualifizéierten Mindestloun, ouni Index.

 

Majeuren déi keen Diplom hunn oder een DAP hunn oder een 11èmeTechnique/Technicien Ofschloss oder een 13ème Technique/Technicien Ofschloss hunn, kréien mat engem CAE Kontrakt just den onqualifizéierten Mindestloun, ouni Index.

Jonker déi een BTS oder Bachelor/Master hunn, kréien 130% vum onqualifizéierten Mindestloun, ouni Index.

 

Dëse Kontrakt besteet 12 Méint a ka bis zu 6 Méint verlängert ginn.

Wat och ganz vill Jonker mat engem CAE erliewen, ass dass se no den 12 Méint oder 18 Méint op der Aarbechtsplaz mol net als CDD oder CDI ugeholl ginn.

 

Et ass dofir dringend neidesch, d'Konditiounen ze änneren oder dësen Kontrakt komplett ofzeschafen.