Pétitionnaire: Gérard Koneczny
En eventuellen Iwwerschoss vum Budget 2023 a Bau Moosnamen fir de Logement investéieren an net a Steier Moossnamen déi just kuerzfristeg géifen wierken.
But de la pétition
Et ass schonns verwonnerlech dass ons Regierung esou kuerz virun de Walen feststellt dass se 500.000.000€ am Budget méi huet wéi geplangt, an déi elo dem Steierzueler iwwert verschidde Mossnamen wéi zum Beispill e “Crédit Impôt” erëm wëll ginn. Esou Mossnamen hu leider viru Walen e “battere ... plus
Motivation de la pétition
Déi Leit, déi mam Mindestloun oder e bëssi driwwer musse liewen, egal ob et de kalifzéierten ass oder net hu Problemer "dezent" ze liewen wann se e Loyer vun bis 1.800€ missten bezuelen. D’Moyenne vun engem Loyer am Land läit 2022 bei 1479€; dêst laut «Observatoir de l’Habitat.» Ronderëm ... plus
Les étapes de cette pétition
La pétition publique n°2623 est clôturée, le 26-06-2023
Motivation de la clôture: Suite au souhait du pétitionnaire en faveur d'une clôture de sa pétition publique
Demande concernant la poursuite de l'instruction de la pétition reclassée en pétition ordinaire
Le seuil des 4500 signatures n'est pas atteint pour la pétition publique n°2623, le 10-05-2023 - Nombre de signatures après validation: 12
Signatures électroniques validées: 12
La période de signature de la pétition publique n°2623 est clôturée, le 25-04-2023 - Nombre de signatures électroniques avant validation: 12
La pétition publique n°2623 est ouverte à signature, le 14-03-2023
Déclaration de recevabilité
La pétition publique n°2623 est déclarée recevable par la Conférence des Présidents, le 13-03-2023
Recevabilité: recevable
Date de début de la période de signature: 14-03-2023 à 0h00
Date de fin de la période de signature: 24-04-2023 à 23h59
La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°2623, le 10-03-2023
Avis de la Commission des Pétitions: favorable
La pétition publique n°2623 est déposée, le 31-01-2023
Intitulé de la pétition: En eventuellen Iwwerschoss vum Budget 2023 a Bau Moosnamen fir de Logement investéieren an net a Steier Moossnamen déi just kuerzfristeg géifen wierken.
But de la pétition: Et ass schonns verwonnerlech dass ons Regierung esou kuerz virun de Walen feststellt dass se 500.000.000€ am Budget méi huet wéi geplangt, an déi elo dem Steierzueler iwwert verschidde Mossnamen wéi zum Beispill e “Crédit Impôt” erëm wëll ginn. Esou Mossnamen hu leider viru Walen e “battere Bäigeschmaach”.
Et wier méi sënnvoll déi Suen a BauMossnamen ze investéieren. Mat 500.000.000€ kéint de Staat an den nächsten 2 Joer uechter d'Land op Gemengen- an / oder StaatsTerrain Logementer bauen fir déi aktuell Logementskriis lues a lues an de Grëff ze kréien. Mat deenen Suen kéint een an d'Zukunft investéieren, eng Zukunft fir ons Kanner.
Wëll jo keen Bauterrain muss bezuelt ginn, wier et méiglech e soziale Loyer ze froen. Hien misst sech nom Verdéngscht riichten. En Deel vun deenen Haiser kéint och am Sënn vu Fraen-Haiser oder anere sozialen Ariichtunge gebaut ginn. Dëst wier e weidere Schrëtt an eng sozial Richtung.
Déi Haiser / Appartementer sollen a staatlecher Hand bleiwen an d’Gemenge sollen déi zesumme verwalten. Domat géif de Staat an Zukunft investéieren, wëll doduerch Loyer erakënnt mat deem weider Haiser / Appartementer kënne gebaut ginn.
Motivation de l'intérêt général de la pétition: Déi Leit, déi mam Mindestloun oder e bëssi driwwer musse liewen, egal ob et de kalifzéierten ass oder net hu Problemer "dezent" ze liewen wann se e Loyer vun bis 1.800€ missten bezuelen.
D’Moyenne vun engem Loyer am Land läit 2022 bei 1479€; dêst laut «Observatoir de l’Habitat.» Ronderëm d’Stad kann en och schonns mol bis op 1.800€ eropgoen.
Daat si ganz vill Suen fir een deen just de Mindestloun oder e bëssi driwwer verdéngt. Do muss all Mount de „leschten €“ 3 mol ëmgedréit ginn. Fir Familljen mat vill Kanner ass et esouguer esou schwéier eng Wunneng ze fannen esou dass se dacks an d’Ausland wunne ginn.
Déi Suen déi eng „Mëttelschicht» ab engem gewësse Revenue iwwert Steier Mesuren zeréck géif kréien brauch déi Suen net. Fir déi aus der Mëttelschicht, déi ënnert esou engem Revenue léien bréngen déi Mesuren net vill. Vun deene Léit déi mol net zur Mëttelschicht gehéieren kënne mir mol net schwätzen. Eng Definitioun vun enger « Mëttelschicht » gëtt et leider net ; déi eng mengen mat 100.000€ wier een nach dobäi, déi aner soen dass e mat 50.000€ schonns net méi dozou gehéiert.
Dofir, de SteierIwwerschoss vun 2023 soll an Bau Moossnamen investéiert ginn. Duerch esou Bau Mossnahmen géif den Drock um LokatiounsMarchée méi kleng. esou dat do d'Loyer’en och kéinten erof goen. De Bausecteur géif ganz vill dovun profitéieren.
Mat ( engem Deel vun ) de Suen aus deem Loyer kann een weider an Haiser / Appartementer investéieren.
An engem Staat dat sech dat Wuert “sozial” op de “Fändel” geschriwwen huet muss eng “Mëtteschicht” sech och mol solidaresch weisen mat de sozial Schwaachen an op eppes verzichten.