Pétitionnaire: Gérard Koneczny
Upassen vun den "Avertissements Taxés" Tariffer
But de la pétition
Upassen vun den "Avertissement Taxés" Tariffer un Deierecht. Säit ville Joeren sinn verschidden AT'en ( parken / stationéieren / Vitesse ) net méi ugepasst ginn. D’Iwwerschreiden vun der Zäit beim Stationnéieren ass seguer vun 49€ op 24€ erof gaang. Am Verglach dozou ass den Index awer ëm ... plus
Motivation de la pétition
E Liewen ass e Liewen. En Doudegen kann een net méi "lieweg" maachen. Fir de Verkéier méi sécher ze maachen sollen: (Beispiller ) Verstéiss géint Parken a Stationéieren verduebelt ( an opgeronnt ) ginn. Stationéieren um Trottoir / ZebraSträifen / BusArrêten a besonnesch béi Schoulen, ... plus
Les étapes de cette pétition
La pétition publique n°2481 est clôturée, le 02-03-2023
Motivation de la clôture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite
Demande concernant la poursuite de l'instruction de la pétition reclassée en pétition ordinaire
Le seuil des 4500 signatures n'est pas atteint pour la pétition publique n°2481, le 11-01-2023 - Nombre de signatures après validation: 38
Signatures électroniques validées: 38
La période de signature de la pétition publique n°2481 est clôturée, le 30-12-2022 - Nombre de signatures électroniques avant validation: 38
La pétition publique n°2481 est ouverte à signature, le 18-11-2022
Déclaration de recevabilité
La pétition publique n°2481 est déclarée recevable par la Conférence des Présidents, le 17-11-2022
Recevabilité: recevable
Date de début de la période de signature: 18-11-2022 à 0h00
Date de fin de la période de signature: 29-12-2022 à 23h59
La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°2481, le 16-11-2022
Avis de la Commission des Pétitions: favorable
La pétition publique n°2481 est déposée, le 06-10-2022
Intitulé de la pétition: Upassen vun den "Avertissements Taxés" Tariffer
But de la pétition: Upassen vun den "Avertissement Taxés" Tariffer un Deierecht.
Säit ville Joeren sinn verschidden AT'en ( parken / stationéieren / Vitesse ) net méi ugepasst ginn. D’Iwwerschreiden vun der Zäit beim Stationnéieren ass seguer vun 49€ op 24€ erof gaang. Am Verglach dozou ass den Index awer ëm 50% an d'Luucht gaang. Vun ronn 603 op 918 Punkten. Dëst ermontert den Automobilist, awer och de Vëlosfuerer an de Foussgänger méi esou Verstéiss géint de Code de la Route ze maachen; et gëtt jo net méi deier, mee méi bëlleg. Fir déi meescht sinn dat Kavaléiersdelikter déi een sech “leeschte” kann.
D'Chance "erwëscht" ze ginn ass zimmlech kleng an onsem Land.
Motivation de l'intérêt général de la pétition: E Liewen ass e Liewen. En Doudegen kann een net méi "lieweg" maachen. Fir de Verkéier méi sécher ze maachen sollen:
(Beispiller )
Verstéiss géint Parken a Stationéieren verduebelt ( an opgeronnt ) ginn.
Stationéieren um Trottoir / ZebraSträifen / BusArrêten a besonnesch béi Schoulen, an 2ter Réi an op VelosPisten verdräifacht ginn.
Bei méi klenge Vitess-Verstéiss ( 5 km ) soll een näischt méi musse bezuelen. Dat géif et erlaben e Camion op enger Streck gemittlech ze iwwerhuelen wou e StreckeRadar ass, ouni dass een da mat 94km/h en AT heemgeschéckt kritt.( Tunnel Autobunn )
Tëscht 6 an 10 km 75 EUR
Tëscht 11 an 20 km 150 EUR
Tëscht 21 an 40 km 300 EUR
Iwwert 40 km 600 EUR
Béi engem "Recidive" ab 40 km soll d'Saach op d'Geriicht goen. Strofen um Geriicht sollen och vill méi héich ausfalen.
An den 30er an 20er Zonen sollen ausserdeem och ëmmer Punkten ofgezu ginn.