Publique n°2387

Pétitionnaire: Nicolas Gengler

Fir e besseren Service um Client bei den Banken

But de la pétition

D'Ziil vun der Petitioun ass, dass d'Leit kennen op eng Agence goen fir all operatiounen ze tätegen, fir dass d'Guichet'en vun den Banken op an accessibel sinn fir de Client, dass et keng onneideg Frais'en gett an dass de Mensch erem mei am Mettelpunkt steet.

Motivation de la pétition

Eis Mattmenschen, wei och ech selwer sin dovunner betraff, dass een kaum nach Operatiounen op den Agencen an der Geigend kann maan. Et kann een do keng Suen mei emtauschen, do muss een an speziell Agencen goen, freier gouf daat bestallt an op där Agence oofgeholl dei no beim Client ass. Fir ... plus

expiré  17.11.2022
89 /4.500
2%
signatures enregistrées

Partager la pétition

Les étapes de cette pétition

Icon process
16.01.2023

Déclaration de clôture

11.01.2023

La pétition publique n°2387 est clôturée, le 11-01-2023

Motivation de la clôture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

01.12.2022

Demande concernant la poursuite de l'instruction de la pétition reclassée en pétition ordinaire

30.11.2022

Le seuil des 4500 signatures n'est pas atteint pour la pétition publique n°2387, le 30-11-2022 - Nombre de signatures après validation: 89

30.11.2022

Signatures électroniques validées: 89

18.11.2022

La période de signature de la pétition publique n°2387 est clôturée, le 18-11-2022 - Nombre de signatures électroniques avant validation: 89

07.10.2022

La pétition publique n°2387 est ouverte à signature, le 07-10-2022

06.10.2022

Déclaration de recevabilité

06.10.2022

La pétition publique n°2387 est déclarée recevable par la Conférence des Présidents, le 06-10-2022

Recevabilité: recevable

Date de début de la période de signature: 07-10-2022 à 0h00

Date de fin de la période de signature: 17-11-2022 à 23h59

05.10.2022

La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°2387, le 05-10-2022

Avis de la Commission des Pétitions: favorable

27.06.2022

La pétition publique n°2387 est déposée, le 27-06-2022

Intitulé de la pétition: Fir e besseren Service um Client bei den Banken

But de la pétition: D'Ziil vun der Petitioun ass, dass d'Leit kennen op eng Agence goen fir all operatiounen ze tätegen, fir dass d'Guichet'en vun den Banken op an accessibel sinn fir de Client, dass et keng onneideg Frais'en gett an dass de Mensch erem mei am Mettelpunkt steet.

Motivation de l'intérêt général de la pétition: Eis Mattmenschen, wei och ech selwer sin dovunner betraff, dass een kaum nach Operatiounen op den Agencen an der Geigend kann maan. Et kann een do keng Suen mei emtauschen, do muss een an speziell Agencen goen, freier gouf daat bestallt an op där Agence oofgeholl dei no beim Client ass. Fir deck Rechnungen muss een och op speziell Agenc'en goen oder et online maachen, wann een an d'Agence geet kascht daat och nach Frais'en. Daat ass kee Service um Client mei, d'Banken sollten no beim Client sinn, si maachen d'Gestioun vum Client sengen Suen. D'Frais'en vun den Konten sin net geschenkt, op dei wierklech sou heich mussen sinn, ass eng aaner Fro. Virun net allzelaanger Zait war "der Kunde König", haut ass en eng Mellechkou.

D'Banken an och d'Post missten verpflicht gin, dest per Gesetz, fir mei orienteiert op de Client ze schaffen an dem Client sengen Besoin'en gerecht ze gin, och wann daat zu folleg huet, dass et eng Bank "mei" kascht. waat geif gescheien, wann d'Internetstruktur zesummenbrecht, dann ass praktesch keng Operatioun mei meiglech.

All d'Servicer mussen de Client'en souwuel online wei och an den Agenc'en zur Dispositioun stoen, an dest och zu Zaiten wou d'Leit disponibel sin. e gudden Frontdesk ass och gudd fir den Ruff vun der Bank. Des Weideren mussen d'Käschten an d'Frais'en vill mei transparent sinn. Eng Transaktioun am Guichet sollt och naischt kaschten, fir dem Client och ze weisen, dass en wellkomm ass. Mir muteiren am Moment emmer mei zu enger Servicewüst. Daat nämlecht gellt och fir den Echange vun Devisen, dei een misst kennen op där Agence siche goen wou een wellt. Des Weideren wieren Öffnungszaiten dei un den Client adapteiert sinn hellefraich, daat dierf Samsdes net ausschleissen.

Dest geif och der Reputatioun vun der Bankeplaatz gudd doen.