Pétitionnaire: Sacha André
Fir en nationale Plang fir d'Ëmsetzung vum Déiereschutzgesetz
But de la pétition
Säit 2018 huet Lëtzebuerg en neit Déiereschutzgesetz. Leider muss ee feststellen, dass et nach net flächendeckend ëmgesat oder kontrolléiert ka ginn. En nationalen Ëmsetzungsplang zur Sensibiliséierung vun de Bierger an och zur Ënnerstetzung vun den Déiereschutzassociatiounen, déi an deem ... plus
Motivation de la pétition
Et kann ee feststellen, dass a verschidde Beräicher no 4 Joer d'Déiereschutzgesetz nach net wierkt. Nach ëmmer, fir ee Beispill ze nennen, si vill fräilafend Kazen, weder gechippt, nach steriliséiert oder kastréiert. Och bei den Hënn sinn net ëmmer all am Gesetz opgelëschte Punkten erfëllt. ... plus
Les étapes de cette pétition
La pétition publique n°2382 est clôturée, le 16-11-2022
Motivation de la clôture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite
Demande concernant la poursuite de l'instruction de la pétition reclassée en pétition ordinaire
Le seuil des 4500 signatures n'est pas atteint pour la pétition publique n°2382, le 05-10-2022 - Nombre de signatures après validation: 1234
Signatures électroniques validées: 1226
La période de signature de la pétition publique n°2382 est clôturée, le 24-08-2022 - Nombre de signatures électroniques avant validation: 1226
Signatures papier validées: 8
La pétition publique n°2382 est ouverte à signature, le 13-07-2022
Déclaration de recevabilité
La pétition publique n°2382 est déclarée recevable par la Conférence des Présidents, le 12-07-2022
Recevabilité: recevable
Date de début de la période de signature: 13-07-2022 à 0h00
Date de fin de la période de signature: 23-08-2022 à 23h59
La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°2382, le 11-07-2022
Avis de la Commission des Pétitions: favorable
La pétition publique n°2382 est déposée, le 24-06-2022
Intitulé de la pétition: Fir en nationale Plang fir d'Ëmsetzung vum Déiereschutzgesetz
But de la pétition: Säit 2018 huet Lëtzebuerg en neit Déiereschutzgesetz. Leider muss ee feststellen, dass et nach net flächendeckend ëmgesat oder kontrolléiert ka ginn.
En nationalen Ëmsetzungsplang zur Sensibiliséierung vun de Bierger an och zur Ënnerstetzung vun den Déiereschutzassociatiounen, déi an deem Beräich eng wäertvoll Aarbecht leeschte géif hëllefen, dass d'Gesetz esou wéi et virgesinn ass kann.
gräifeZum engem Plang gehéiert et och ze kucken, wéi een adequat an allen Regioune vum Land kann. Et fällt op, dass et am Norden, Osten a Weste vum Land keng Infrastrukture gëtt . Déierenasiler konzentréieren sech op de Minett an hannert der Staat gëtt et keng méi.
Motivation de l'intérêt général de la pétition: Et kann ee feststellen, dass a verschidde Beräicher no 4 Joer d'Déiereschutzgesetz nach net wierkt. Nach ëmmer, fir ee Beispill ze nennen, si vill fräilafend Kazen, weder gechippt, nach steriliséiert oder kastréiert. Och bei den Hënn sinn net ëmmer all am Gesetz opgelëschte Punkten erfëllt.
Déiereschutzorganisatiounen huelen sech oft der Saach un, dëst ass mat villen Onkäschte verbonnen. Verschidde Gemengen ënnerstëtzen hier Awunner oder Associatiounen a deem Kontext mat enger finanzieller Hëllef, mee leider ass dat net iwwerall de Fall. Um nationale Plang e Projet ze entwéckelen, dee vun allen Gemengen ëmgesat misst ginn, ass do e wichtegen Usaz.
Fir d'Problemer konkret an aktiv ze léisen ass en nationale Plang néideg, wou Bierger sensibiliséiert an opgekläert ginn an se och wann néideg Ënnerstëtzung kréien.
An deem Kontext ass et och wichteg ze kucken, wéi eng Ressourcen oder Infrastrukturen an all Regioun vum Land gebraucht ginn, fir konkret an zilorientéiert agéieren ze kennen.