Pétitionnaire: Jules Clement
Ënnerstëtzung fir d'Elteren deenen hier Kanner NET an eng Maison relais ginn
But de la pétition
D'Zil vun der Petitioun ass, dass déi Elteren eng finanziell Bäihellef solle kréien, deenen hier Kanner net an eng Maison relais ginn an/oder deenen hier Kanner all Dag doheem oder bei engem aanere Familljemember (Grousselteren, Tatta oder Monni asw.) mëttes z'iesse kréien. Dëst och als ... plus
Motivation de la pétition
An der Ried zur Lag vun der Natioun vum 12. Oktober 2021 wou ënnert Aanerem matgedeelt gouf, dass d'Maison relais'en ab der Rentrée 2022-2023 vu moies 7 bis owes 7 solle gratis ginn, grad esou wéi d'gratis Mëttegiesse fir d'Kanner an der Grondschoul an am Lycée, wat secherlech Mesuren sinn ... plus
Les étapes de cette pétition
Le seuil des 4500 signatures est atteint pour la pétition publique n°2061, le 09-02-2022
Signatures électroniques validées: 4879
La période de signature de la pétition publique n°2061 est clôturée, le 03-12-2021 - Nombre de signatures électroniques avant validation: 4935
La pétition publique n°2061 est ouverte à signature, le 22-10-2021
Déclaration de recevabilité
La pétition publique n°2061 est déclarée recevable par la Conférence des Présidents, le 21-10-2021
Recevabilité: recevable
Date de début de la période de signature: 22-10-2021 à 0h00
Date de fin de la période de signature: 02-12-2021 à 23h59
La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°2061, le 20-10-2021
Avis de la Commission des Pétitions: favorable
La pétition publique n°2061 est déposée, le 14-10-2021
Intitulé de la pétition: Ënnerstëtzung fir d'Elteren deenen hier Kanner NET an eng Maison relais ginn
But de la pétition: D'Zil vun der Petitioun ass, dass déi Elteren eng finanziell Bäihellef solle kréien, deenen hier Kanner net an eng Maison relais ginn an/oder deenen hier Kanner all Dag doheem oder bei engem aanere Familljemember (Grousselteren, Tatta oder Monni asw.) mëttes z'iesse kréien. Dëst och als Motivatioun fir dass nach méi Elteren sech géifen fir een Travail à temps partiel entscheeden fir méi Zäit mat hiere Kanner ze verbréngen. Schliesslech gëtt och vill Geld agespuert, bei Infrastruktur- a Fonctionnementskäschten vun de Maison relais'en, duerch déi Elteren déi hier Kanner doheem versuergen.
Motivation de l'intérêt général de la pétition: An der Ried zur Lag vun der Natioun vum 12. Oktober 2021 wou ënnert Aanerem matgedeelt gouf, dass d'Maison relais'en ab der Rentrée 2022-2023 vu moies 7 bis owes 7 solle gratis ginn, grad esou wéi d'gratis Mëttegiesse fir d'Kanner an der Grondschoul an am Lycée, wat secherlech Mesuren sinn déi ze begréissen sinn, mee wou deene Leit déi hier Kanner doheem versuergen an doheem fir hier Kanner kachen, net Rechnung gedro gëtt.
Als Kompensatioun sollten déi Leit dann och eng ähnlech finanziell Bäihëllef kréien.