Pétitionnaire: Eulecia Monteiro Gomes
Pétitioun fir een onverwiesselbaren an eenzegaartegen Fändel
But de la pétition
Moïen, Ech sin ganz frou Iech ze kontaktéieren fir eng Saach déi mir scho laang um Häerz läit. Ech sin zu Lëtzebuerg gebuer vun kapverdianesch Elteren an hei opgewuess. Ëmmer extrem houfreg op dëst Land an ÉIWEG dankbar fir alles wat ët mir bréngt. Iwwerall wou ech higinn sin ech ... plus
Les étapes de cette pétition
La pétition ordinaire n°1912 est clôturée, le 14-12-2021
Motivation de la clôture: Prise de position gouvernementale restée sans suite
Transmission de la prise de position gouvernementale au pétitionnaire
Transmission de la prise de position gouvernementale au pétitionnaireUne prise de position au sujet de la pétition ordinaire n°1912 est disponible, le 09-09-2021
Ministre(s): Monsieur Xavier Bettel, Premier ministre, Ministre d'Etat
Prise de position de Monsieur le Premier Ministre, Ministre d'ÉtatUne prise de position est demandée au sujet de la pétition ordinaire n°1912, le 19-07-2021
Ministre(s): Monsieur Xavier Bettel, Premier ministre, Ministre d'Etat
Demande de prise de position avec information au pétitionnaireLa pétition ordinaire n°1912 est déclarée recevable par la Commission des Pétitions, le 07-07-2021
Recevabilité: recevable
La pétition ordinaire n°1912 est déposée, le 11-06-2021
Intitulé de la pétition: Pétitioun fir een onverwiesselbaren an eenzegaartegen Fändel
But de la pétition: Moïen,
Ech sin ganz frou Iech ze kontaktéieren fir eng Saach déi mir scho laang um Häerz läit.
Ech sin zu Lëtzebuerg gebuer vun kapverdianesch Elteren an hei opgewuess. Ëmmer extrem houfreg op dëst Land an ÉIWEG dankbar fir alles wat ët mir bréngt.
Iwwerall wou ech higinn sin ech ëmmer ganz frou wann ech e Lëtzebuergeschen Fändel gesin.
Ech hun awer ëmmer d’gefill dass den nationale Fändel dem Land säin Image a sengem Rang net entsprëcht.
Mir hu bei munnech Events e lëtzebuergesche Fändel mam Roude Léiw. Dëse Fändel ass prächteg, majestéitesch awer virun allem eenzegaarteg!
Dëse Fändel mécht et méiglech et gutt z'ënnerscheeden vun deem vun anere Länner déi ganz ähnlech Fändelen hunn.
An zousätzlech géif et wierklech den Touch vun Originalitéit an Adel ginn daat d'Land méi verdéngt wéi jee.
Dën “Made in Luxembourg” verbreet sech ëmmer méi. Mir sinn etlech déi ganz houfreg sin lëtzebuergesch produkter ze konsuméieren an d’Land ze promoten iwwerall wou mir ginn.
Et ass eppes eenzegaarteg iwwer dëst Land daat ech trotz ville Reesen soss néierens fannen.
Also sin ech der Meenung dass d’Land ët och verdéngt en eenzegaartege Fändel ze hunn deen ët gutt duerstellt.