Publique n°1734

Pétitionnaire: Sacha André

Fir en nationalen Feierdag fir d'Enn vun der Pandémie mat kulturelle Fester ze feieren

But de la pétition

D'Pandemie huet d'ganz Welt laang am Otem gehalen. Méintelaang gouf zum Schutz vun der Gesellschaft opgeruff fir sozial Kontakter  ze reduzéieren. Op engem eemolegen nationalen Feierdag kënnt een engersäits den Verstuerwenen vun dir laanger Pandemie gedenken an et kënnt een awer och e ... plus

Motivation de la pétition

Den Zesummenhalt an der Gesellschaft gëtt gefërdert an en Bewosstsinn dass mir all en Deel vun der Léisung sinn, respektiv waren. D'Kultur kënnt promouvéiert ginn. Och wann näischt all Ausfäll ka kompenséieren,kënnt en Restart der Kultur en groussen Déngscht erweisen. En Zeeche vun ... plus

expiré  29.01.2021
48 /4.500
1%
signatures enregistrées

Partager la pétition

Les étapes de cette pétition

Icon process
02.04.2021

Déclaration de clôture

Déclaration de clôture Déclaration de clôture
31.03.2021

La pétition publique n°1734 est clôturée, le 31-03-2021

Motivation de la clôture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

25.02.2021

Demande concernant la poursuite de l'instruction de la pétition reclassée en pétition ordinaire

24.02.2021

Le seuil des 4500 signatures n'est pas atteint pour la pétition publique n°1734, le 24-02-2021 - Nombre de signatures après validation: 48

24.02.2021

Signatures électroniques validées: 48

30.01.2021

La période de signature de la pétition publique n°1734 est clôturée, le 30-01-2021 - Nombre de signatures électroniques avant validation: 48

19.12.2020

La pétition publique n°1734 est ouverte à signature, le 19-12-2020

18.12.2020

Déclaration de recevabilité

18.12.2020

La pétition publique n°1734 est déclarée recevable par la Conférence des Présidents, le 18-12-2020

Recevabilité: recevable

Date de début de la période de signature: 19-12-2020 à 0h00

Date de fin de la période de signature: 29-01-2021 à 23h59

18.12.2020

La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°1734, le 18-12-2020

Avis de la Commission des Pétitions: favorable

15.12.2020

La pétition publique n°1734 est déposée, le 15-12-2020

Intitulé de la pétition: Fir en nationalen Feierdag fir d'Enn vun der Pandémie mat kulturelle Fester ze feieren

But de la pétition: D'Pandemie huet d'ganz Welt laang am Otem gehalen. Méintelaang gouf zum Schutz vun der Gesellschaft opgeruff fir sozial Kontakter  ze reduzéieren. Op engem eemolegen nationalen Feierdag kënnt een engersäits den Verstuerwenen vun dir laanger Pandemie gedenken an et kënnt een awer och e soziaalt kulturellt Fest am ganzen Land feieren.

 

D'Kultur, eis Kënschtler, Museker an Museksveräiner hunn enorm ënnert dëser Kris gelidden. Esou en Festdag géif et allen Bierger erméiglechen kollektiv un kulturellen Manifestatiounen deelzehuelen. Et wier eng Revalorisatioun vun der gesamter Kultur zu Lëtzebuerg.

 

Motivation de l'intérêt général de la pétition: Den Zesummenhalt an der Gesellschaft gëtt gefërdert an en Bewosstsinn dass mir all en Deel vun der Léisung sinn, respektiv waren.

 

D'Kultur kënnt promouvéiert ginn. Och wann näischt all Ausfäll ka kompenséieren,kënnt en Restart der Kultur en groussen Déngscht erweisen.

 

En Zeeche vun nationaler Verbonnenheet, net nëmmen an dëser Pandemie, mee kee weess wat Zukunft bréngt an et kann ëmmer erëm eppes geschéien, wou esou en Zesummenhalt wichteg ass.

 

En Zeeche vu Merci un d'ganzt Vollek wat an dëser Zäit sech roueg verhalen huet a Restriktioune méi oder wéineger akzeptéiert huet.