Publique n°1728

Pétitionnaire: Romain Becker

Erhiewe vu Boarbelendag um 4. Dezember zu engem offiziellen nationale Gedenkdag

But de la pétition

De 4. Dezember soll zu engem offiziellen nationale Gedenkdag erhuewe ginn.

Motivation de la pétition

Boarbelen- oder och Bäerbelendag genannt, den 4.Dezember, war am Minett traditionell en Dag wou d’Aarbecht gerout huet an der helleger Boarbel (Bäerbel) geduecht gouf. Et war den Dag wou den Biergmann säi Feierdag hat a wou hien zesumme mat senge Komeroden déi hellege Bäerbel als ... plus

expiré  21.01.2021
287 /4.500
6%
signatures enregistrées

Partager la pétition

Les étapes de cette pétition

Icon process
22.03.2021

Déclaration de clôture

Déclaration de clôture Déclaration de clôture
17.03.2021

La pétition publique n°1728 est clôturée, le 17-03-2021

Motivation de la clôture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

27.01.2021

Demande concernant la poursuite de l'instruction de la pétition reclassée en pétition ordinaire

27.01.2021

Le seuil des 4500 signatures n'est pas atteint pour la pétition publique n°1728, le 27-01-2021 - Nombre de signatures après validation: 287

27.01.2021

Signatures électroniques validées: 287

22.01.2021

La période de signature de la pétition publique n°1728 est clôturée, le 22-01-2021 - Nombre de signatures électroniques avant validation: 287

11.12.2020

La pétition publique n°1728 est ouverte à signature, le 11-12-2020

10.12.2020

Déclaration de recevabilité

10.12.2020

La pétition publique n°1728 est déclarée recevable par la Conférence des Présidents, le 10-12-2020

Recevabilité: recevable

Date de début de la période de signature: 11-12-2020 à 0h00

Date de fin de la période de signature: 21-01-2021 à 23h59

09.12.2020

La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°1728, le 09-12-2020

Avis de la Commission des Pétitions: favorable

07.12.2020

La pétition publique n°1728 est déposée, le 07-12-2020

Intitulé de la pétition: Erhiewe vu Boarbelendag um 4. Dezember zu engem offiziellen nationale Gedenkdag

But de la pétition: De 4. Dezember soll zu engem offiziellen nationale Gedenkdag erhuewe ginn.

Motivation de l'intérêt général de la pétition: Boarbelen- oder och Bäerbelendag genannt, den 4.Dezember, war am Minett traditionell en Dag wou d’Aarbecht gerout huet an der helleger Boarbel (Bäerbel) geduecht gouf.

Et war den Dag wou den Biergmann säi Feierdag hat a wou hien zesumme mat senge Komeroden déi hellege Bäerbel als Schutzpatréinerin vun de Biergleit geéiert huet.

Dem Biergmann seng Aarbecht huet de Grondstee geluecht vun dem wat eist Land haut ass. An esou wéi de Biergmann fréier säi Schicksal an d’Hänn vun enger héierer Muecht geluecht huet, sinn mär haut als hir Notznéisser verflicht hinne Merci ze soe fir dat wat si eis an d’Hand ginn hunn fir drop op ze bauen.

Boarbelendag ass e Symbol fir de Wëlle vum Mënsch fir e Schicksal ze erdroen, eppes opzebauen an dat un déi folgend Generatioune weider ze ginn. Et ass eng bestoend a gelieften Traditioun am Süden vun eisem Land, an ass international en Dag den an de Biergbauregioune begaange gëtt.

 

De Biergbau:

• ass en Deel vun der kultureller Identitéit vum Süden vu Lëtzebuerg.

• huet e ganz bestëmmte Mënscheschlag gebilt.

• ass e Motor gewiescht vum soziale Fortschrëtt hei am Land.

• huet Industrie an Banken hei am Land néideg gemaach.

• ass vun techneschem Fortschrëtt gepräägt gewiescht, eppes wat och haut nach wichteg ass a wat haut nach aktuell ass am Kader vum Spacemining.

• Huet seng Spueren an der Natur hei am Süden hannerlooss an huet eis Landschafte gepräägt.

 

Boarbelendag ass e stoarkt Symbol fir de Biergbau.

 

De 4.Dezember zu engem nationale Gedenkdag ze erhiewe wär nëmme gerecht vis-à-vis vun de Biergleit an hire Familljen, mee och vis-à-vis vun de villen aktuelle Beméiunge fir eise Patrimoine industriel an Patrimoine culturel hei am Süden vum Land ze erhalen. (Unesco Biosphärenprojet, Muséeën, Journée international des Mineurs zu Käl, Nationaalt Biergarbechterdenkmal zu Käl op der Léiffrächen asw.)

 

Boarbelendag soll als nationale Gedenkdag och vun der Chamber begaange ginn, als Unerkennung fir déi Generatiounen déi hiert Liewen an den Déngscht vun eiser Natioun gestallt hunn, an fir d’Geschicht vum Biergbau als Beispill fir déi zukünfteg Generatiounen ze erhalen.