Pétitionnaire: Nora Schleich
Géint Feierwierkskierper a Knupperten zu Sylvester!
But de la pétition
Mat dëser Pétitioun erhoffen ech mer et ze ereechen, dat en legislativt, konsequent Verbued ausgeschwat gett géint de Verkaf an d'Ooffeieren vun Knupperten, Rakeiten, an ähnlechen Feierwierkskierperen un a vun private Persounen oder Organisatiounen. Et ass all Joërs grausam, wéivill Déieren a Panik verfalen, nëmmen well den Eenzelnen muss weisen, wéi schein e knuppe kann. Des weideren kascht et eng Onmass u Geld, déi mat Secherheet besser anzwousch anescht ugehluecht wier! (Spenden, etc.) Och net ze veruechten ass den Impakt op d'Emwelt, iwwerall leien dei eidel Këschten an ausgebrannte Rakéiten ronderem, an d'ass keen Eenzelfall, dat deen Een oder Aneren mat Blessuren hospitaliséiert ginn muss. Duerfir soen ech NEE zu deem onnéidegen Knupp-Wahnsinn, deen allgemeng méi Schueden uriicht, wei dat e Freed soll machen! Dëst ass primär een NEE fir d'Déieren, déi mat Secherheet am meeschten ennert desem egoisteschen Verhale vun hiere menschlechen Matbewunner ze leiden hunn! Aaner Groussstiedt (Parais,...) verbidden d'Ooffeieren vun Feierwierkskierper vun Privatpersounen och, da komm mir halen och do mat deene Grousse mat!
Les étapes de cette pétition
Demande concernant la poursuite de l'instruction de la pétition reclassée en pétition ordinaire
Signatures électroniques validées: 1524
Le seuil des 4500 signatures n'est pas atteint pour la pétition publique n°475, le 10-03-2015 - Nombre de signatures après validation: 1524
La période de signature de la pétition publique n°475 est clôturée, le 07-03-2015 - Nombre de signatures électroniques avant validation: 1527
La pétition publique n°475 est ouverte à signature, le 23-01-2015
La pétition publique n°475 est déclarée recevable par la Conférence des Présidents, le 22-01-2015
Recevabilité: recevable
Date de début de la période de signature: 23-01-2015 à 0h00
Date de fin de la période de signature: 06-03-2015 à 23h59
La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°475, le 15-01-2015
Avis de la Commission des Pétitions: favorable
La pétition publique n°475 est déposée, le 31-12-2014
Intitulé de la pétition: Géint Feierwierkskierper a Knupperten zu Sylvester!
But de la pétition: Mat dëser Pétitioun erhoffen ech mer et ze ereechen, dat en legislativt, konsequent Verbued ausgeschwat gett géint de Verkaf an d'Ooffeieren vun Knupperten, Rakeiten, an ähnlechen Feierwierkskierperen un a vun private Persounen oder Organisatiounen. Et ass all Joërs grausam, wéivill Déieren a Panik verfalen, nëmmen well den Eenzelnen muss weisen, wéi schein e knuppe kann. Des weideren kascht et eng Onmass u Geld, déi mat Secherheet besser anzwousch anescht ugehluecht wier! (Spenden, etc.) Och net ze veruechten ass den Impakt op d'Emwelt, iwwerall leien dei eidel Këschten an ausgebrannte Rakéiten ronderem, an d'ass keen Eenzelfall, dat deen Een oder Aneren mat Blessuren hospitaliséiert ginn muss.
Duerfir soen ech NEE zu deem onnéidegen Knupp-Wahnsinn, deen allgemeng méi Schueden uriicht, wei dat e Freed soll machen! Dëst ass primär een NEE fir d'Déieren, déi mat Secherheet am meeschten ennert desem egoisteschen Verhale vun hiere menschlechen Matbewunner ze leiden hunn!
Aaner Groussstiedt (Parais,...) verbidden d'Ooffeieren vun Feierwierkskierper vun Privatpersounen och, da komm mir halen och do mat deene Grousse mat!