La pétition ordinaire n°439 est déclarée irrecevable par la Commission des Pétitions, le 27-10-2014
Recevabilité: irrecevable
Pétitionnaire: Jean Victor Pierre Krier
An dat Ganzt selbstverständlech fir ganz Land, an net 100% Ondemokratesch wéi dat bis elo zou Lëtzebuerg ëmmer de Fall wor, pro Wahlbezierk. Schliisslech representéiert de Kandidat jo ganz Land, wann hien bei der Wal vum Vollek an Spëtz vun der Chamber & Regierung gewielt gëtt – an net nëmme säi Wahlbezierk! Domadder wier dann och endlech dat berühmte «Kaz a Maus» Spill aus der Welt geschaf, wou eng Rei Partei Kandidaten während der Wal Campagne a sougenannte Bréifkëschte schlofen, oder hiert Nuetslager niewent dem Hond am Gaart ageriicht hunn. Wa mir zou Lëtzebuerger vun «Demokratie» egal op elo vun enger Representativer Demokratie oder Monarchie gesteierter Diktatur schwätzen, da muss den Haff an de Staat un alleréischter Stell mol duerfir suergen, datt et bei de Walen mat demokratesche Prinzipien zougeet – an net mat de «Père en Fils» veriewten Partei Politeschen Gauner & Bandite Methoden, wou dee Persoun um Enn virun dem Gesetz Recht behält: Déi an der Chamber & Regierung «déi meeschte Famillje Memberen» ëm sech versammele kann.
Recevabilité: irrecevable