Pétitionnaire: Thierry Palgen
Verbindlech Gemengen a Nationalreferenden / Référendums communaux et nationaux contraignants / Verbindliche kommunale und nationale Referenden
But de la pétition
D'Zil vun dëser Petitioun ass fir d'Gemengen- an Nationalreferenden rechtlech verbindlech fir déi betraffe Gremien (Gemengerot, Chamber vun den Deputéierten, Regierungsrot) ze maachen. De Fakt dass dës Ofstëmmungen momentan net verbindlech sinn stellt de Prinzip vun der Demokratie a Fro. Zwar ginn d'Bierger ëm hier Meenung gefrot, an nawell kënnen déi Gewielten maachen wéi si wëllen. Domadder hätt de Referendum keng Dosinnsberechtegung. Et stellt sech och d'Fro vum Gläichgewiicht tëschent de Bierger an de Gewielten. Wéi kann et sinn dass d'Bierger mussen d'Meenung (Gesetzer) vun den Gewielten akzeptéieren, an dës awer net d'Meenung vun de Bierger? Schliisslech kruten déi Gewielten d'Vertrauen vun de Bierger zur Verfügung gestallt. Duerch déi net verbindlech Referenden kënnen déi Gewielten dat Vertrauen an engem onausgeglachenem Muechtverhältnis ausnotzen.
Motivation de la pétition
Dat gemeinsamt Wuelbefannen ass doduercher motivéiert dass mat enger géigesäiteger Verbindlechkeet vun de Meenungen, d'Vertrauen dat déi Gewielte kréien net kann als Muecht ausgenotzt ginn. Doduercher dass de Bierger hier Meenung gefrot an respektéiert gëtt, ginn se och motivéiert fir un de politeschen Entscheedungen deel ze huelen.
Les étapes de cette pétition
Demande concernant la poursuite de l'instruction de la pétition reclassée en pétition ordinaire
Le seuil des 4500 signatures n'est pas atteint pour la pétition publique n°1425, le 08-01-2020 - Nombre de signatures après validation: 96
Signatures électroniques validées: 96
La période de signature de la pétition publique n°1425 est clôturée, le 31-12-2019 - Nombre de signatures électroniques avant validation: 97
La pétition publique n°1425 est ouverte à signature, le 19-11-2019
Texte de la pétition
Déclaration de recevabilité
La pétition publique n°1425 est déclarée recevable par la Conférence des Présidents, le 14-11-2019
Recevabilité: recevable
Date de début de la période de signature: 19-11-2019 à 0h00
Date de fin de la période de signature: 30-12-2019 à 23h59
La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°1425, le 13-11-2019
Avis de la Commission des Pétitions: favorable
La pétition publique n°1425 est déposée, le 22-10-2019
Intitulé de la pétition: Verbindlech Gemengen a Nationalreferenden /
Référendums communaux et nationaux contraignants /
Verbindliche kommunale und nationale Referenden
But de la pétition: D'Zil vun dëser Petitioun ass fir d'Gemengen- an Nationalreferenden rechtlech verbindlech fir déi betraffe Gremien (Gemengerot, Chamber vun den Deputéierten, Regierungsrot) ze maachen.
De Fakt dass dës Ofstëmmungen momentan net verbindlech sinn stellt de Prinzip vun der Demokratie a Fro. Zwar ginn d'Bierger ëm hier Meenung gefrot, an nawell kënnen déi Gewielten maachen wéi si wëllen. Domadder hätt de Referendum keng Dosinnsberechtegung.
Et stellt sech och d'Fro vum Gläichgewiicht tëschent de Bierger an de Gewielten. Wéi kann et sinn dass d'Bierger mussen d'Meenung (Gesetzer) vun den Gewielten akzeptéieren, an dës awer net d'Meenung vun de Bierger? Schliisslech kruten déi Gewielten d'Vertrauen vun de Bierger zur Verfügung gestallt.
Duerch déi net verbindlech Referenden kënnen déi Gewielten dat Vertrauen an engem onausgeglachenem Muechtverhältnis ausnotzen.
Motivation de l'intérêt général de la pétition: Dat gemeinsamt Wuelbefannen ass doduercher motivéiert dass mat enger géigesäiteger Verbindlechkeet vun de Meenungen, d'Vertrauen dat déi Gewielte kréien net kann als Muecht ausgenotzt ginn.
Doduercher dass de Bierger hier Meenung gefrot an respektéiert gëtt, ginn se och motivéiert fir un de politeschen Entscheedungen deel ze huelen.