Publique n°1729

Pétitionnaire: Jean-Paul Rischard

Fir eis Demokratie an eis Constitutioun op fest Féiss ze stellen brauche mir eng 2/3 Majoritéit an der Chamber fir all Gesetz wat Aschränkungen vun eise constitutionnelle Rechter virgesäit, grad wéi och fir d´Ausruffe vum nationalen Noutstand

But de la pétition

Ofsécheren vun eiser Demokratie an eise constitutionnelle Rechter

Motivation de la pétition

All Awunner vu Lëtzebuerg misst de Sënn an de Wäert vun eiser Constitutioun bekannt an helleg sinn. A jiddereen weess och dass fir eng Ännerung vun eiser Constitutioun eng 2/3 Majoritéit an der Chamber erfuerderlech ass. An dat ass och richteg esou. Dofir däerf et och net sinn dass an der Chamber eis constitutionnell Fräiheeten déi jo mat enger 2/3 Majoritéit musse gestëmmt ginn, duerch e Gesetz mat enger einfacher Majoritéit ausgehiéwelt kënne ginn. Dat ass ëmsou méi wichteg wou kee weess wat sech an Zukunft an der politescher Parteielandschaft nach deet. Ugeholl et ging zu Lëtzebuerg eng AfD-ähnlech Partei un d´Rudder kommen, da wier et ze spéit fir dës Ännerung vun der Constitutioun virzehuelen, mat alle Risiken an Consequenzen déi dat ging mat sech bréngen! Dofir muss een zousätzlechen Artikel/Paragraf an der Constitutioun virschreiwen dass all Gesetz/Mossnahm déi eist Grondgesetz oder eis constitutionnell Fräiheeten aschränkt, och muss duerch eng 2/3 Majoritéit an der Chamber ofgeseent ginn. Et därf also an Zukunft net méi méiglech sinn dass esou ee Gesetz eis Chamber mat enger einfacher Majoritéit passéiert. Domat ass eis Constitutioun an eis Demokratie ofgeséchert ! Wann esou ee Gesetz onbedéngt néideg ass, a wann d´Majoritéit den Deputéierten all Fakten offen op den Dësch leet, an d´Grënn an d 'Nécessitéit vun dëse Moossnahmen offensichtlech sinn, ass och kee Probleem fir an der Chamber eng 2/3 Majoritéit ze erreechen, wéi dat jo och am Fréijoer de Fall war wéi den „Etat de Crise“ ausgeruff ginn ass. Dat hätt och nach de Virdeel, dass wann e Gesetz vun der breeder Majoritéit an der Chamber gedroe gëtt, d´Acceptanz fir esou e Gesetz an der Bevölkerung ging zouhuelen an d´Kritik ofhuelen, an och verhënneren dass de Bierger den Androck kriet dass mir eis a Richtung Diktatur bewegen.

Cette pétition publique n’a pas atteint le seuil de 4.500 signatures. A la demande du pétitionnaire, elle a été transformée en pétition ordinaire. Voir pétition ordinaire.
expiré  25.02.2021
202 /4.500
5%
signatures enregistrées

Les étapes de cette pétition

Icon process
21.04.2021

Reclassement de la pétition publique, n'ayant pas atteint le seuil de 4500 signatures, en pétition ordinaire n°1729, le 21-04-2021

18.03.2021

Demande concernant la poursuite de l'instruction de la pétition reclassée en pétition ordinaire

17.03.2021

Le seuil des 4500 signatures n'est pas atteint pour la pétition publique n°1729, le 17-03-2021 - Nombre de signatures après validation: 202

17.03.2021

Signatures électroniques validées: 202

26.02.2021

La période de signature de la pétition publique n°1729 est clôturée, le 26-02-2021 - Nombre de signatures électroniques avant validation: 202

15.01.2021

La pétition publique n°1729 est ouverte à signature, le 15-01-2021

15.01.2021

Démarrage de la période de signature

14.01.2021

Déclaration de recevabilité

14.01.2021

La pétition publique n°1729 est déclarée recevable par la Conférence des Présidents, le 14-01-2021

Recevabilité: recevable

Date de début de la période de signature: 15-01-2021 à 0h00

Date de fin de la période de signature: 25-02-2021 à 23h59

13.01.2021

La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°1729, le 13-01-2021

Avis de la Commission des Pétitions: favorable

09.12.2020

La pétition publique n°1729 est déposée, le 09-12-2020

Intitulé de la pétition: Fir eis Demokratie an eis Constitutioun op fest Féiss ze stellen brauche mir eng 2/3 Majoritéit an der Chamber fir all Gesetz wat Aschränkungen vun eise constitutionnelle Rechter virgesäit, grad wéi och fir d´Ausruffe vum nationalen Noutstand

But de la pétition: Ofsécheren vun eiser Demokratie an eise constitutionnelle Rechter

Motivation de l'intérêt général de la pétition: All Awunner vu Lëtzebuerg misst de Sënn an de Wäert vun eiser Constitutioun bekannt an helleg sinn. A jiddereen weess och dass fir eng Ännerung vun eiser Constitutioun eng 2/3 Majoritéit an der Chamber erfuerderlech ass. An dat ass och richteg esou.

Dofir däerf et och net sinn dass an der Chamber eis constitutionnell Fräiheeten déi jo mat enger 2/3 Majoritéit musse gestëmmt ginn, duerch e Gesetz mat enger einfacher Majoritéit ausgehiéwelt kënne ginn. Dat ass ëmsou méi wichteg wou kee weess wat sech an Zukunft an der politescher Parteielandschaft nach deet. Ugeholl et ging zu Lëtzebuerg eng AfD-ähnlech Partei un d´Rudder kommen, da wier et ze spéit fir dës Ännerung vun der Constitutioun virzehuelen, mat alle Risiken an Consequenzen déi dat ging mat sech bréngen!

Dofir muss een zousätzlechen Artikel/Paragraf an der Constitutioun virschreiwen dass all Gesetz/Mossnahm déi eist Grondgesetz oder eis constitutionnell Fräiheeten aschränkt, och muss duerch eng 2/3 Majoritéit an der Chamber ofgeseent ginn. Et därf also an Zukunft net méi méiglech sinn dass esou ee Gesetz eis Chamber mat enger einfacher Majoritéit passéiert. Domat ass eis Constitutioun an eis Demokratie ofgeséchert !

Wann esou ee Gesetz onbedéngt néideg ass, a wann d´Majoritéit den Deputéierten all Fakten offen op den Dësch leet, an d´Grënn an d 'Nécessitéit vun dëse Moossnahmen offensichtlech sinn, ass och kee Probleem fir an der Chamber eng 2/3 Majoritéit ze erreechen, wéi dat jo och am Fréijoer de Fall war wéi den „Etat de Crise“ ausgeruff ginn ass. Dat hätt och nach de Virdeel, dass wann e Gesetz vun der breeder Majoritéit an der Chamber gedroe gëtt, d´Acceptanz fir esou e Gesetz an der Bevölkerung ging zouhuelen an d´Kritik ofhuelen, an och verhënneren dass de Bierger den Androck kriet dass mir eis a Richtung Diktatur bewegen.